Search

You may also like

City Breakfast: Wanter, Mobilitéit a virtuell Realitéit
International Neiegkeeten

City Breakfast: Wanter, Mobilitéit a virtuell Realitéit

Beim Kaffi um Mëttwochmueren, war et eng gutt gelaunte Buergermeeschtesch,

Libanesesch Regierung wollt Online-Telefonater besteieren
International Neiegkeeten

Libanesesch Regierung wollt Online-Telefonater besteieren

An der Nuecht vum Donneschdeg op e Freideg waren se

Den Internet ass kee rechtsfräie Raum
International Neiegkeeten

Den Internet ass kee rechtsfräie Raum

Eng Ausso déi een esou an der Raum stelle kéint

Chauffere vun Uber si Salariéeën

Urteel vun der brittescher „Supreme Court“ bréngt US-Fuerdéngschtvermëttler op de richtege Wee

Chauffere vun Uber si Salariéeën

Dat héchste Londoner Geriicht huet an engem weeweisenden Urteel kloer gestallt, datt d‘Chauffere vum US-Fuerdéngschtvermëttler „Uber“ net als Independanten, mee als Mataarbechter musse consideréiert ginn. D‘Supreme Court bestätegt domadder, d‘Decisioune vun de virechten Instanzen, déi sech zanter 2016 ma Thema befaassen. Uber war ëmmer nees a Revisioun gaangen.

Elo also, fënnef Joer méi spéit, erkläert Uber, datt een d‘Urteel géif unhuelen, an déi an England fir d‘Entreprise täteg Chauffere wäert entspriechend informéieren. D‘Amerikaner weisen nach drop hin, datt d‘Entscheedung sech op eng kleng Unzuel vu Chauffere bezunn huet, déi d‘Uber-App 2016 genotzt hunn. Zanterhier awer, hätt ee den „Aarbechtsmodell“ eppes revidéiert an ugepasst.

Bei den Upassunge geet et ëm d‘Rechter vun de Chaufferen, eng Krankekeess an aneres méi. No dësem Urteel awer wäert Uber emol grondsätzlech muss mat de Leit schwätzen an eventuell och verhandelen. Säitens der Gewerkschaft GMB gëtt dëst Urteel als eng „historesch Victoire“ an als Bestätegung fir ee laangen haarde Kampf bezeechent. Keen hat hinnen dës Victoire zougetraut.

„D‘Geriicht huet d‘Entscheedunge vun den anere Geriichter bestätegt an ënnermauert dat, wat mir schonn ëmmer gesot hunn: Uber-Chaufferen si Salariéeën an hunn en Usproch op Pausen, bezuelte Congé an de Mindestloun“, esou de kuerze Statement vun der Gewerkschaft. Si huet op Nofro och confirméiert, datt et elo muss zu Entschiedegunge kommen. Dat dierft d‘Amerikaner veriergeren.

Et ass en Ufank

Déi ausbeuteresch Virgoensweis vun Uber, ass streng no amerikanesche Reegelen opgebaut: den „Independant“ kritt operluecht u wéi eng Standarden hien sech ze halen huet, kritt grad genuch „Geld“ fir (wann hie net krank gëtt oder aussergewéinlech Ausgaben huet) grad esou iwwer d‘Ronnen ze kommen. En Aarbechtsdag ënner 14 Stonnen, gëtt bewosst a gewollt ausgeschloss.

Interessant och nach d‘Argument vun den Uber-Dirigenten: „D‘Chaufferen als Selbststänneger ze behandelen, ass d‘Grondlag vun dësem Geschäftsmodell. Nëmmen esou ass et méiglech eenegermoosse wirtschaftlech agéieren ze kënnen“. Dat muss een net weider erläuteren, woubäi et verständlech mécht, firwat Uber a ville Länner d‘Geriichter beschäftegt. Bei eis nach net esou…

Woubäi, d‘Regierung wier net dergéint se „rullen“ ze loossen, wärend d‘Taxisfederatioun Gëft a Gal späizt. Eiser liberaler Regierung awer schéint eng vun den Aussoen, déi en Uber-Manager gemaach gutt ze gefalen. Deen hat behaapt: „Déi allermeeschte Chauffere wëllen net fest ugestallt sinn, si wëllen hir Fräiheet genéissen“. Ka sinn datt et där huet, mee och fir gëllen d‘Gesetzer…

Nom britteschen Urteel awer ass elo emol gekläert, dat all déi Chaufferen, fir déi deen Zäitraum wou se an der App ageloggt waren, als feste Mataarbechter ze consideréieren ass, an och deem entspriechend muss eng Pai kréien. Ob a wéi séier dat gëtt? D‘Gewerkschaft GMB huet sech jo emol virgeholl en A drop ze halen, an elo ass jo och gewosst, datt si Sëtzlieder an Affekoten hunn.

mat indymedia/lon/nyc

Illustratioun: © Dan Gold / unsplash

Related topics Chaufferen, Gewerkschaft GMB, Selbststänneger, Supreme Court, Uber
Next post Previous post