Search

You may also like

Feier zu Iechternach – Schlëmmeres konnt verhënnert ginn!
Neiegkeeten

Feier zu Iechternach – Schlëmmeres konnt verhënnert ginn!

Um 17:08 Auer gëschter Owend huet den 112 d’Noriicht vun

Pipo Peng: Dem Bopa säi Beschten (Chrëschtdag-Editioun)
Neiegkeeten

Pipo Peng: Dem Bopa säi Beschten (Chrëschtdag-Editioun)

Virwuert: All Sonndeg gëtt eng Kuerzgeschicht aus dem Liewe vum

Deen aneren Donald Trump…
Neiegkeeten

Deen aneren Donald Trump…

No heftegem Drock säitens den Demokraten huet den Donald Trump,

Spidol Ettelbréck a Wolz un der Limitt ukomm

Spidol Ettelbréck a Wolz un der Limitt ukomm

Den CHdN ass u seng Grenzen ukomm an ergräift elo strikt Moossnamen, fir weiderhin genuch Better zur Verfügung ze hunn an Urgencen ophuelen ze kënnen. Well d’Zuel vun de Covid-Patienten an de leschten Deeg esou zougeholl huet, ginn all net urgent Operatioune verluecht, respektiv annuléiert.

Esou deelt d’Spidol mat, datt an hire Raimlechkeeten aktuell 65 Covid-infizéiert Patienten behandelt ginn. Dovunner befanne sech 12 Persounen op der Rea. Net nëmmen kënnt ee vun de Better hir un d’Limitten, och d’Ekippe komme kierperlech a psychesch un hir Grenzen.

Aus dësem Grond huet d’Direktioun vum CHdN decidéiert, datt zu Ettelbréck eng Partie Operatiounssäll zougemaach ginn. Fir Wolz ass eng komplett Fermeture entschloss ginn. Doduerch ass all net urgent Operatioun ofgesot.

Urgent Agrëffer, dorënner och d’Behandlung vu Kriibspatienten, gëtt weiderhin garantéiert. Betraffe Persounen gi via Telefon vun der Gestion des Lits kontaktéiert. Patiente gi gebieden op den Appell ze waarden an net d’Leitungen op eegen Initiative ze beleeën.

Related topics CHdN, Covid-Patienten, Ettelbréck, Grenz, Kriibspatienten, Limitt, net urgent Operatiounen, Prise en Charge, Spidol, Urgende, Wolz
Next post Previous post