Search

You may also like

surprise
Lauter haart Nëss! Packs du et duerch dëse Lëtzebuergesch-Quiz?
International Neiegkeeten

Lauter haart Nëss! Packs du et duerch dëse Lëtzebuergesch-Quiz?

[onionbuzz quiz-id=107][/onionbuzz] Mir hunn eis mol erëm dru ginn an

50 Joer „SOS Kannerduerf Lëtzebuerg“
International Neiegkeeten

50 Joer „SOS Kannerduerf Lëtzebuerg“

Et war am Joer 1968, wou d‘Straussfeier vun den éischten

Wa Liewensraim dramatesch zeréckginn an eis Déieren ausstierwen
International Neiegkeeten

Wa Liewensraim dramatesch zeréckginn an eis Déieren ausstierwen

Souwuel um weltwäiten, wéi och um nationalen Niveau erliewe mir

Et gëtt nach esou eppes wéi Gerechtegkeet

US-Bundesgeriicht huet entscheet: Wikileaks-Informantin Chelsea Manning muss fräigelooss ginn

Et gëtt nach esou eppes wéi Gerechtegkeet

Zanter Mee 2019 sëtzt d‘Chelsea Manning am Bundesstaat Virginia am Bing. De Grond: Si hat sech geweigert géint de Grënner vun der Wikileaks-Plattform Julien Assange auszesoen. Dat ass als Mëssuechtung vum Geriicht ausgeluecht ginn an esou ass d‘Chelsea Manning an de Prisong komm, a sollt esoulaang do festgehale ginn, bis si gewëllt wier, hir Ausso virum Geriicht ze maachen.

Chelsea

No villem Gedeessems ass elo ee Riichter zum Schluss komm, datt hir Ausso virun engem Geriicht net méi noutwenneg wier. Domadder entfält och de Grond fir d‘Beugehaft. De Riichter huet dann och ugeuerdent, datt d‘Whistleblowerin elo direkt op fräie Fouss ze setzen ass. Op et domadder da fir d‘Chelsea Manning gedoen ass? US-Autoritéiten si ganz besonnesch nodroen, wéi ee weess.

D‘Chelsea Manning hat 2010 honnertdausende Geheimdokumenter vun der US-Arméi u Wikileaks weidergeleet. Bei dësen Dokumenter huet et sech Krichsverbriechen am Irak an Afghanistan, déi vun US-Zaldote begaange goufen. Dat hat de Pentagon der Whistleblowerin zimmlech iwwel geholl an et hat net laang gebraucht, du war d‘Chelsea Manning, sengerzäit nach als Mann, agespaart ginn.

Chelsea7 Joer huet d‘Chelsea Manning an engem Militärprisong gesiess. Si 2013 vun engem Militärgeriicht zu 35 Joer feste Prisong veruerteelt ginn. Ee laangen Dag, an bei der Arméi gëtt esou eppes wéi „fréizäiteg Entloossung“ nëmme ganz seelen. 2017 awer hat den US-President Barack Obama dem Trauerspill en Enn bereet, an dofir Suerg gedroen, datt d‘Whistleblowerin fräigelooss ginn ass.

mat indymedia/nfk

Foto: unity (archiv)

Related topics Chelsea Manning, Julian Assange, Whistleblower, WikiLeaks
Next post Previous post