Search

You may also like

Wéinst der dréchent dréit Wallounien d‘Krinn zou
Neiegkeeten

Wéinst der dréchent dréit Wallounien d‘Krinn zou

Et ass nees ee waarme Summer an deen huet folgerichteg

Verkéierssécherheetscampagne „Moto 2021“
Neiegkeeten

Verkéierssécherheetscampagne „Moto 2021“

Zanter dem Optakt vun der „Biker-Saison“ am Fréijoer, gi bei

Gemeng Fréiseng: D‘CSV knoutert, Är Equipe behält d‘Rou
Neiegkeeten

Gemeng Fréiseng: D‘CSV knoutert, Är Equipe behält d‘Rou

Et war eng flott an ënnerhalent Gemengerotssëtzung déi engem zu

CHEM: Am Déngscht vum Patient

De Projet Südspidol kënnt virun

CHEM: Am Déngscht vum Patient

Gëschter gouf zu Esch/Uelzecht de Bilan vum CHEM (Centre Hospitalier Emile Mayrisch) virgestallt. An et dierf ee soen, datt et gutt viru geet: Sief et am Beräich vun der medezinescher Innovatioun, der Verbesserung vum Service um Patient oder am Kader vun de Synergien, esou kënnen déi Responsabel zefridden op 2016 zréckblécken.

„Ee Spidol fir d’Leit“

Ee Joer also am Zeeche vum Progrès, fir dat dann och de Slogan „Ee Spidol fir d’Leit“ gutt gewielt schéngt. De Patient am Mëttelpunkt ass sécherlech och genee dat, wat ee sech als kranke Mënsch och sollt dierfen erwaarden. An der krank Mënsche sinn der 141.200, verdeelt iwwert déi dräi Sitten, Esch Uelzecht, Diddeleng an Nidderkuer, nawell genuch ginn. 1.834 Mataarbechter an 265 Dokteren hunn hiert méiglechst gemaach, dëse Leit déi bescht Soinen zoukommen ze loossen.

Engem globale Budget vu ronn 217 Milliounen Euro sti géinteniwwer: 353.800 Consultatiounen an ambulant Agrëff, 16.400 chirurgesch Interventiounen an eppes mä wéi 2,2 Milliounen Analysen. Dozou komme 14.350 Seancen an der Dialyse, 6.600 Seancë fir Chemotherapie esou wéi 84.150 Interventiounen an der Urgence. Domadder sief kloer gestallt, datt sech net gelangweilt ginn ass.

Verdéngt houfreg

Eppes wat der Direktioun besonnesch, de Mataarbechter awer net manner sollt eng Freed maache, dierft den Titel als „Akademescht Spidol“ vun der saarlännescher Universitéit sinn. Dëst erméiglecht dem CHEM zukünfteg bis zu siwe Medezinsstudenten am Joer, fir hire Praktikum opzehuelen. Dozou den Dr.Nathan, Generaldirekter vum CHEM „Ech si besonnesch stolz op dës Etappe, wëll dësen neie Lien markéiert den Ufank vun enger neier innovativer Ära (…) Et ass ee wichtege Schratt a Richtung Südspidol, neie Synergien an eisem Zil Gesondheetsdéngschleeschtunge vun héijer Qualitéit de Patiente vun haut a muer ze bidden.

Am Kader vun der medezinescher Innovatioun, ass d’Aféierung vum mikroskopeschen Telediagnostik zréckzebehalen ginn. Ganz interessant och de Pilotprojet vun Telepathologie deen, haaptsächlech vun der Fondatioun „Cancer“ finanzéiert, duerch d’Konventioun tëscht dem nationale Gesondheetslaboratoire (LNS) an dem CHEM offizialiséiert ginn ass. Déi enk Zesummenaarbecht mat den Anatom-pathologisten vum LNS krut dann och d’Anatom-pathologie eng gréisser Bedeitung am Spidol.

D’Spidol vu muer

Mat senge medezinesche Spezialisatiounen an senger technescher Plattform, déi iwwert déi aktuellst Equipementer an performantst Traitementer verfüügt, follegt den CHEM sengen eegene Prioritéiten. Hei steet déi beschtméiglech Opnam an d’Sécherheet vum Patient am Virgrond. Nieft villen anere Projeten déi aus dem Joresrapport ervirgi muss op dëser Plaz nach de Projet Südspidol genannt ginn. Hei geet et gesond virun, wat sech aus de sëllechen Entrevuen an Atelieren, an déi sämtlech Beruffer vum CHEM agebonne waren, erausliese léisst.

Fir déi Escher Buergermeeschtesch a Presidentin vum Verwaltungsrot sécherlech och ee gudde Grond sech zefridden ze weisen. „Am vergaangene Joer hunn eis Equippen Hand an Hand geschafft fir virun ze kommen, ouni jeemools d’Zesummenaarbecht an d’Dynamik aus den Aen ze verléieren. Mat hiren Iddien an dem Kënnen hunn si eis net nëmmen dem Projet Südspidol ee Stéck méi no bruecht, mee sech och fir d’Wuel vun de Patienten Agesat. Géintiwwer der schneller Entwécklung, dem Stress an den Erausfuerderungen, hu si zu kengem Zäitpunkt dat wichtegst aus den Ae verluer: de Patient“, esou d’Vera Spautz (LSAP).

D’Presidentin huet dann och erkannt, datt et dat ass wat stäerkt vum CHEM ausmëscht. Dofir seet si dann och allen agebonne Parteie Merci, déi derzou bäidroen dat dem Patient een humanen an innovative Soin zerguttst kënnt. „Ech freeë mech iwwert de Wee dee mir zesumme wäerte goe fir dem Spidol vu Muer ze begéinen“, schléisst d’Vera Spautz hir Ried of.

Foto: CHEM/©Lukas Huneke

Related topics CHEM, Esch/Uelzecht, Lëtzebuerg, Vera Spautz
Next post Previous post