Search

You may also like

money
D‘Pëtrolspräisser klammen, de Marché optimistesch
Neiegkeeten

D‘Pëtrolspräisser klammen, de Marché optimistesch

Nodeems um Donneschdeg de Cours vum Pëtrol op der Bourse

Daniel Balthasar an der Brasserie K116!
Neiegkeeten

Daniel Balthasar an der Brasserie K116!

De Lëtzebuerger Singer-Songwriter Daniel Balthasar iwwerzeegt duerch seng vill verschidde

Sécheren Online-Shopping: Méi streng Prozedure fir de Client
Neiegkeeten

Sécheren Online-Shopping: Méi streng Prozedure fir de Client

Zënter dem 1. Januar 2021 soll Online-Shopping duerch eng nei

De CHEM ënnert neiem Management

De CHEM ënnert neiem Management

Nodeems de Verwaltungsrot am August dem aktuellen Direkter Dr. Hansjörg Reimer virun d‘Wiel gestallt hat: „Entweder Dokter oder Direkter“, hat dee sech fir seng Patienten a säi Beruff entscheet, wat zu eppes Turbulenzen am CHEM zu Esch-Uelzecht gefouert hat.

Fir den Escher Buergermeeschter, Georges Mischo (CSV) deen de Verwaltungsrot vum CHEM presidéiert huet dat geheescht sech op d‘Sich no engem „Neie“maachen. D‘Prozedur fir de Rekrutement gouf lancéiert an d‘Sich no engem Vollzäit-Direkter schéngt esouwäit ganz gutt geklappt ze hunn. No der Verwaltungsrotssëtzung vum Donneschdeg jiddefalls kann een nees d‘Zukunft mat méi Rou ugoen.

Esou gouf bei dëser Sëtzung den Dr. René Metz eestëmmeg als neie Generaldirekter vum CHEM nominéiert. Hie soll d‘Aarbecht den 1. Februar ophuelen. Bis dohinner bleift den Dr. Daniel Cardao – deen zum 1. September den Interim opgeluede krut – um Rudder. Den Dr. René Metz huet seng Etüden op der kathoulescher Universitéit zu Louvain (Belsch) bestridde wou hien och Fuerschung an der Neurophisiologie soll bedriwwen hunn.

Den Dr. René Metz huet och soss ee flotte Parcours Opweises, war tëschenzäitlech kuerz zu Harvard ënnerwee an ass schlussendlech am CHL ukomm (1998) wou hien zesumme mat senge Kolleegen een dynameschen neurologesche Service op d‘Been gestallt huet. Dat notamment mat enger sougenannter „Stroke Unit“. Esch ass jiddefalls frou e kompetente Partner fonnt ze hunn, deen och de Projet Südspidol muss entwéckelen.

Illustratioun: © Mari Helin / unsplash

Related topics Centre Hospitalier Emile Mayrisch, CHEM, Dr. René Metz, Esch-Uelzecht, Südspidol
Next post Previous post