Search

You may also like

Schlecht Stëmmung bei der Post
International Kultur Neiegkeeten

Schlecht Stëmmung bei der Post

Bréifdréier an Schalterpersonal geroden ënner Drock, Clientë kréie ferm an

Veiner Nëssmoort – Wann eng Stad sech a Schuel wërft!
International Kultur Neiegkeeten

Veiner Nëssmoort – Wann eng Stad sech a Schuel wërft!

E Sonndeg stoung Veianen ganz am Zeeche vun der Noss.

Déi Belsch Regierung ass un der Migratiounsfro gescheitert
International Kultur Neiegkeeten

Déi Belsch Regierung ass un der Migratiounsfro gescheitert

De globalen UN-Migratiounspakt, dee vun den flammänneschen Nationalisten denoncéiert gouf,

Dout vum legendäre Jazzmuseker Chick Corea

Dout vum legendäre Jazzmuseker Chick Corea

Ob der Säit vum Chick Corea, huet de Marketingmanager Dan Muse den Dout vum bekannten a Präisgekréinte Kënschtler confirméiert. De Museker a Komponist ass am Alter vu 79 Joer un enger seelener Kriibskrankheet verstuerwen.

De Chick Corea ass am Verlaf vu senger Carrière iwwer zwanzeg mol mat engem „Grammy“ ausgezeechent ginn, huet mam Miles Davis an dem Herbie Hancock koopéiert. Hien huet Zäit senges Liewens genreiwwergräifend geschafft, huet seng Fräiheet an de Spaass genoss ëmmer nees eppes Neies ervirzebréngen. Vu Klassik bis Jazzrock, näischt war dem Museker friem. Et ass dann och ëmmer ëm dat grousst Ganzt gaangen: d‘Frëndschaft an d‘Léift.

Op senger Facebooksäit, huet den Chick Corea seng Fans eng Massage hannerlooss: „Ech wëll mech bei menger Rees bei alle bedanken, déi gehollef hunn, d‘Feier vun der Musek hell erliicht ze halen. Et ass meng Hoffnung, datt déi mat Ahnung vum Spillen, Schreiwen, Performen oder eppes anerem dat maachen. Wann net fir sech selwer da fir de Rescht vun eis. D‘Welt brauch net nëmme méi Kënschtler, et brauch och einfach vill Spaass“.

2020 Hat den Chick Corea nach säin duebelen Album „Plays“ mat Opname vun diverse Piano-Concerte verëffentlecht a gemengt: „Esou wéi ee Leefer et léift ze lafen, well et sech einfach gutt ufillt, esou léiwen ech et Piano ze spillen, well et sech einfach gutt ufillt“. De Chick Correa war zuweilen och zu Lëtzebuerg ënnerwee. Op „Printemps Musical“ oder „Live @ Vauban“ den LCTO huet de Chick Corea a bal allen Haiser an der Stad op d‘Bühn bruecht.

mat indymedia/lax

Related topics Chick Corea, Komponist, Kultur, Museker
Next post Previous post