Search

You may also like

Verwirrung iwwert d‘Hierkonft vun den Affer
International Neiegkeeten

Verwirrung iwwert d‘Hierkonft vun den Affer

Am Fall vun den 39 Läichen déi an engem Container

Editorial: Et kann een alles op d‘Spëtzt dreiwen!
International Neiegkeeten

Editorial: Et kann een alles op d‘Spëtzt dreiwen!

Et ass richteg, datt den Handy hannert dem Steier zur

Verbuede „Gay Pride“ zu Istanbul mat massivem Policeasaz verhënnert
International Neiegkeeten

Verbuede „Gay Pride“ zu Istanbul mat massivem Policeasaz verhënnert

Während d‘LGBT-Communautéit villeruerts op der Welt fir hir Rechter friddlech

Chile muss Klimasommet ofginn

Chile muss Klimasommet ofginn

Wéinst den unhalenden Onrouen am Land huet den chilenesche President Sebastian Pinera den UN-Klimasommet, dee vum 2. bis den 13. Dezember hätt sollen zu Santiago de Chile ofgehale ginn, elo missen ofsoen. Och den APEC-Sommet kann net am südamerikanesche Land ofgehale ginn.

„Ugesiichts de schwieregen Ëmstänn déi d‘Land an de leschte Wochen erlieft, huet eis Regierung entschloss den APEC-Sommet am November an den UN-Klimasommet (COP25) am Dezember net ze organiséieren“, esou de Sebastian Pinera géintiwwer de median an der Casa de la Moneda. Hien huet betount, datt d‘Schafe vu Reformen an d‘Berouegung vun de Protester Prioritéit huet.

„Et war eng schwiereg Decisioun déi schmäerzhaft ass, well mir wësse wéi wichteg d‘APEC-Konferenz an de Klimasommet fir Chile an d‘Welt sinn“, esou de chilenesche President. Et ass richteg, datt déi alljäerlech Klimasommeten eigentlech zum Zweck hunn, d‘Klimaofkommes vu Paräis virunzedreiwen. Grad esou richteg ass et, datt wéineg Bereetschaft besteet dat ëmzesetzen.

Eng Ausso déi sech um leschte Sommet, zu Katowice festmaache léisst. Do haten sech iwwer 20.000 Mënsche getraff a sinn onveriichter Dengen nees heem gefuer. Mee et ass net nëmmen de Klima dee fir esou ee Sommet wichteg ass. Hei geet et ëm ganz vill Geld, zumindest fir déi lokal Tourismusindustrie. Bei esouvill Leit reiwen sech d‘Hotelièren an d‘Restaurateuren d‘Hänn.

Et gëtt Optiounen…

Nodeems elo Chile kuerzfristeg „ausgescheet“ ass, muss ënner Drock no enger neier Plaz gesicht ginn, déi sech fir esou ee Sommet eegent. Am gespréich sinn hei New York, Paräis a Bonn. Déi fréier däitsch Haaptstad hat den UN-Klimasommet 2017 schonn als „Ersatz“ empfaangen a weess och wéi ee mat esou eppes ëmgeet. Deemools hat een allerdéngs eppes méi Zäit fir d‘Organisatioun.

Fënnef Woche sinn, ugesiichts de ville Mënschen déi ënnerzebrénge sinn, net nëmmen eng richteg logistesch Erausfuerderung, mee stellen och d‘Hotelière virun eng iwwermënschlech Aufgab. An do dierft et mat „Erfarung“ eleng net gedoe sinn, firwat sech och d‘Bundesregierung hei wäert mussen abréngen. Kritt Däitschland den Zouschlag an de Klimasommet organiséiert? Duerchaus virstellbar.

Interessant dann awer och d‘Stellungnam vum däitschen Entwécklungsminister Gerd Müller (CSU). Deen huet déi chilenesch Ofso genotzt, fir seng Propose – de Klimasommet nëmmen all zwee Joer ze organiséieren – nach emol op den dësch ze leeën. Deen hält et net fir zäitgeméiss, datt all Joers 20.000 Mënsche fir 14 eemol ronderëm d‘Welt fléien. Dat ass et och all zwee Joer net wierklech.

mat indymedia/nyc/cgn

Illustratioun: Gerhard Gellinger / Pixabay

Related topics Bonn, Chile, COP25, Onrouen, UN-Klimasommet
Next post Previous post