Search

You may also like

Streik a Manifestatiounen uechtert d‘Welt fir d‘Rechter vun de Fraen
Business International Neiegkeeten

Streik a Manifestatiounen uechtert d‘Welt fir d‘Rechter vun de Fraen

Vum Frae-Generalstreik a Spuenien, bis hin zum feminine Marathon an

IDEA an d‘Logementskris: „et ass fir sech d‘Hoer auszeräissen“
Business International Neiegkeeten

IDEA an d‘Logementskris: „et ass fir sech d‘Hoer auszeräissen“

Déi lénk huet sech mat enger Etüd vun der Denkfabrick

70 Joer NATO: Et gëtt héich Zäit, de Krichspakt opzeléisen
Business International Neiegkeeten

70 Joer NATO: Et gëtt héich Zäit, de Krichspakt opzeléisen

Déi „Nordatlantesch Vertragsorganisatioun“, déi am Joer 1949 ënnert der Bedeelegung

Wéi eng Roll spillt China an Afghanistan? (Analys)

Wéi eng Roll spillt China an Afghanistan? (Analys)

Peking huet kloer wirtschaftlech Interessen a keng Problemer mat der ze erwaardender politesch-reliéiser Ausriichtung vum „Islameschen Emirat Afghanistan“. China huet domadder wesentlech besser Chancen, eng Zesummenaarbecht mat den Taliban konfliktfräi hinzekréien.

Déi kommunistesch Partei a China, huet eng flexibel Definitioun fir „Mënscherecht“ an och wa Peking de reliéise Fanatismus (eigentlech d‘Relioun generell) net esou wierklech appreciéiert, esou fannen si eng „haart politesch Hand“ ëmmer gutt. De Myanmar ass hei ee gutt Beispill. An iwwerall do, wou sech den imperialistesche Weste blaméiert oder soss däämlech ustellt, iwwerhuelen si.

Mam chineseschen Ausseminister Wang Yi hat et schonn eng gréisser Entrevue mat enger Taliban-Delegatioun ginn. Iwwerhaapt huet China éischter Positiv op d‘Iwwernam vun der Muecht duerch d‘Taliban reagéiert. D‘Fräiheetskämpfer wieren u gudde Bezéiungen zu China interesséiert, huet dem Wang Yi seng Spriecherin, Hua Chunying, um Freideg an enger Pressekonferenz erläutert.

AfghanistanDe chineseschen Ausseminister Wang Yi hat sech mam Mullah Baradar, de Leader vun den Taliban, am Juli schonn emol op Grondsätzleches verstännegt. © Xinhua

An tatsächlech hunn d‘Taliban vill gutt Grënn, sech op eng wirtschaftlech Zesummenaarbecht mat China anzeloossen. Afghanistan ass räich u Buedemschätz: Eisen, Gold, Koffer a virun allem vill Lithium an aner seelen Äerden schlummeren a de schwéier zougängleche Biergregiounen. Et feelt eigentlech just eng appropriéiert Infrastruktur an een dee bereet ass Geld an d‘Projeten ze stiechen.

Afghanistan kann nëmme gewannen

China ass zudeem längst aktiv am Land. Esou ass eng chinesesch Staatsentreprise un enger bei Kabul exploitéiert Kofferminn an u Pëtrolsquellen am Norde bedeelegt. Peking geet et nieft dem „Business“ mat den Taliban, allerdéngs och ëm politesch Stabilitéit – an egal wéi enger Form. D‘Chinese si bekanntlech eppes méi an Zentralasien engagéiert an hu ganz kloer Interessen.

Zudeem dierf een dovunner ausgoen, datt d‘Chinesen – am Géigesaz zu de leschte „Gäscht“ – keng Absichten hunn, an neie Staat am Afghanistan opzeriichten. Peking dierft sech op Investitiounen a wirtschaftlech Aflossnam konzentréieren. Ofgeséchert gëtt dat dann och net mat eegenen Zaldoten, mee vu lokale „Söldner“. Déi hunn „Erfarung“ an déi selwecht Ethnie, dat bréngt Virdeeler mat.

D‘Kommunisten hunn awer eng Fuerderung un d‘Taliban, déi erwäänt muss ginn: „Mir verlaange vun eisen neie Partner, datt si keng moslemesch Gruppéierungen/Mouvementer a China stäipen an sech dofir Asetzen, datt keng Terroruschléi vun Afghanistan aus géint China ausgefouert ginn“, esou d‘Hua Chunying. Dëser Fuerderung sinn d‘Taliban anscheinend schonn nokomm, esou Peking.

Alles ze gewannen, näischt ze verléieren

Wann et sech wierklech sollt erginn, datt déi kënfteg „Eenheetsregierung“ vum Islameschen Emirat Afghanistan sech mat Peking arrangéiert kritt, dierft eng Unerkennung vun der internationaler Gemeinschaft, trotz der Géigewier vun de „Looser“ just eng Formalitéit sinn. Et ass dobäi och net relevant, ob just d‘Taliban vum Deal profitéieren, grondsätzlech geet et emol ëm Ressourcen.

Afghanistan„China huet eng konstruktiv Roll bei der Fërderung vu Fridden a Versöhnung am Land gespillt an ass wëllkomm, zum Widderopbau vum Land bäizedroen“, esou de Spriecher vun den Taliban, Suhail Shaheen, am Gespréich mat de Kolleege vu Xinhua an der Global Times. © Xinhua

D‘Taliban hunn also alles ze gewannen an näischt ze verléieren, sech esouwuel mat China wei mat Russland „ze arrangéieren“. Gesäit een emol vum wirtschaftleche Wuesstem of, dee jo duerchaus kéint fir méi Liewensqualitéit suergen (wann den Afghan gewëllt ass sech sengem reliéise Schicksal ze ënnerwerfen) géif eng Kooperatioun mat China d‘Afghane vum Weste politesch befreien.

Bleift nach ze notéieren, datt d‘Chinesen am Afghanistan – wéi bal iwwerall wou se hir Interessen ze verdeedege wëssen – éischter Diskret virginn. Si ginn dann och net vun der Bevëlkerung als Kolonialmuecht gesinn. Si kommen onbewaffent a weisen sech esou net als „Besatzer“, hunn dann nach vill Atouten an de Beräicher Gesondheet an Technologietransfert… a masseg US-Dollar.

Related topics Buedemschätz, China, Islameschen Emirat Afghanistan, Mineralien, Ressourcen, Taliban
Next post Previous post