Search

You may also like

De Sultan huet kee Versteesdemech fir Pressefräiheet
International Money Neiegkeeten

De Sultan huet kee Versteesdemech fir Pressefräiheet

Nodeems de Recep Tayyip Erdogan déi moslemesch Welt opgeruff huet

Europäescht Joer vun der Schinn: D’Streck Lëtzebuerg-Bréissel soll verbessert ginn
International Money Neiegkeeten

Europäescht Joer vun der Schinn: D’Streck Lëtzebuerg-Bréissel soll verbessert ginn

Geet et der Europäescher Kommissioun no, dann huet mat Neijoerschdag

Eng Sozial Visioun fir Europa
International Money Neiegkeeten

Eng Sozial Visioun fir Europa

Viru kuerzem hat den „SPD-Europa-Ortsverein Luxemburg“ an d‘LSAP-Fraktioun zu enger

money

Entwécklung am Handelskrich: China besteiert 128 amerikanesch Produiten

Entwécklung am Handelskrich: China besteiert 128 amerikanesch Produiten

Um haidege Méindeg huet China entscheet, Strofsteieren op 128 amerikanesch Produiten ze erhiewen. De Wäert, op d‘Joer gerechent läit bei 3 Milliarden US-Dollar. D‘Steiere sinn eng Äntwert op déi amerikanesch Besteierung vum Stol an Aluminium.

Peking hat leschte Mount gewarnt, datt d‘Aféiere vun de Strofsteieren onëmgänglech ass. Eng Nouvelle déi vu villen Experten als Ausbroch vun engem Handelskrich tëscht béide Länner Bewäert gëtt. D‘Steieren, déi vun der Kommissioun bestëmmt ginn, déi sech ëm d‘Douanestarifikatioun am Staatsrot këmmert, betreffe verschidde Wuerenaarten, vum Uebst bis bei d‘Schwéngefleesch.

Den US-President hat den 22. Mäerz annoncéiert, datt d‘USA nei Taxe fir 60 Milliarden US-Dollar chineseschen Import erhiewen. Eng Noriicht déi d‘Finanzmäert eppes „gerëselt“ hat. Peking huet dann och den 23. Mäerz eng Äntwert virgeluecht, an eng Lëscht mat 128 Produite verëffentlecht, op déi och Douanestaxen tëscht 15% an 25% erhuewe ginn, sollt ee sech net nach eens ginn.

Aschüchtere loossen sech d‘Chinese net

Et ass e Sträit dee scho laang hätt kënnen ausbriechen, well Washington werft Peking säit Jore vir, Profit aus dem System vun der Co-Entreprise ze schloen. Dat ass d‘Grondlag fir auslännesch Entreprisen, déi sech a China wëllen néierloossen. Den Donald Trump behaapt, datt China dëse System benotzt, fir sech déi amerikanesch technesch Innovatiounen ofzegräifen.

China huet d‘USA gebiede mat där „wirtschaftlecher Aschüchterung“ opzehalen, well si soss genéidegt wiere Vergeltung auszeüben. Peking hat sech da bis ewell och net de wichtegste Landwirtschaftsproduiten, wéi dem Soja, oder Industrien, wéi beispillsweis Boeing, ugeholl. Dat ass unhand de neie Mesuren hifälleg ginn

Kee Krich ouni Propaganda

An der chinesescher Global Times, enger nationalistesch ausgeluechter Zeitung, huet et an engem Editorial vu leschter Woch geheescht: „China ass esou wäit fäerdeg mat senger Lëscht vun Tariffer op déi amerikanesch Produiten, a wäert se a kierzt verëffentlechen. (…) D‘Lëscht wäert déi wichtegst chinesesch Importer aus den USA enthalen“.

Dës Entscheedung „ass ee grousse Schlag géint Washington, dat op ganz aggressiv Aart a Weis, mam Handelskrich-Säbel fuchtelt. D‘USA wäerten de Präis vun hirer radikaler Handelspolitik géintiwwer China ze bezuelen hunn“, verséchert d‘Global Times.

Fir den US-Handelsminister Wilbur Ross, kee Grond nervös ze ginn. Deen huet um Donneschdeg gemengt, datt dës Handelssanktioune just d‘Virspill zu Verhandlunge sinn. Et ass gewosst, datt Washington mat China e kolossalen Handelsdefizit an héicht vun 375,2 Milliarden US-Dollar 2017 erreecht huet, an een hei scho vun engem Ongläichgewiicht ausgoe kann.

D‘Global Times, ouni d‘Quellen ze nennen, ass dann awer der Meenung, datt d‘USA eng ganz Rëtsch onvernënfteg Demanden op den Dësch geluecht huet. Washington wier sech sécher et kéint ee China zu engem Kompromëss zwéngen. „Dat ass naiv. Mat senger Wirtschaftskraaft kann sech China der Erausfuerderung stellen“, heescht et an der Zeitung.

mat AFP

Foto: De Soja aus den USA gëtt vu China mat Strofsteiere beluecht. Et ass dat awer nëmmen eent vun 128 US-Produiten déi vun der Mesure betraff sinn. Domatter verdäitlecht sech den ugekënnegten Handelskrich, a mat éischten Onrouen op de Finanzmäert muss gerechent ginn.

Related topics Handelskrich, USA. China
Next post Previous post