Search

You may also like

Impfen: Jo – Nee – Villäicht?
International Money Neiegkeeten

Impfen: Jo – Nee – Villäicht?

Zanter de Premierminister Xavier Bettel a senger Ried zur Lag

Covid19-Flächentest elo och an Däitschland?
International Money Neiegkeeten

Covid19-Flächentest elo och an Däitschland?

Nodeems Lëtzebuerg sech scho virun e puer Wochen, fir ee

Sputnik V vun „The Lancet“ an héchsten Téin gelueft
International Money Neiegkeeten

Sputnik V vun „The Lancet“ an héchsten Téin gelueft

Laut der medezinescher Fachzeitung „The Lancet“ hätt de russesche Covid19-Vaccin

money

China wëll Grondrechter fir d‘Salariat unerkennen

China wëll Grondrechter fir d‘Salariat unerkennen

No laange Verhandlungsjoer tëscht de Bréisseler Technokraten an der kommunistescher Partei vu China, well sech Peking elo tatsächlech derzou verflichten, zumindest am wirtschaftleche Kontext op Europa zouzegoen. Esou konnt et zur Eenegung beim Investitiounsofkommes kommen.

D‘Wirtschaftsbezéiungen tëscht der Europäescher Unioun an dem Räich vun der Mëtt sinn net méi ewechzedenken. Et gëtt kaum nach Produiten, déi net zumindest partiell op chinesesch Hiersteller ugewise sinn. Et ass dann och weder den Handel, nach d‘Industrie a bestëmmt net d‘Finanzwelt, déi vun de Chinesen iergendwellech Standarde fuerderen. Et muss just bëlleg sinn, net méi net manner.

Elo hunn déi chinesesch Entreprisen/Konzerner masseg Goss zur Verfügung, déi nei Seidestrooss entwéckelt sech prächteg, an Europa kämpft sech grad duerch zwou Krisen: déi sanitär Kris an déi begleedent wirtschaftlech Kris. Fir dann och sécherzestellen, datt Europa weiderhin op d‘Produiten aus China zougräift, ass et net verkéiert, sech dëse „Besoin“ duerch Investitiounen ofzesécheren.

Chinesen investéieren allerdéngs scho méi laang an Europa. Dat ass méiglech well et oppe Mäert gëtt, et unerkannt Standarde a bestoenden Handelsverträg huet. Dat gouf vu Kritiker denoncéiert, firwat et dank dësem neien Investitiounsofkommes zu engem neie Gläichgewiicht tëscht den Handelspartner komme soll. Dat alles huet awer strikt nëmmen en Impakt op déi aktiv Populatioun.

Richtungsweisend

Siwe Joer laang ass hei verhandelt ginn, an et heescht dann och, datt et dat éiergäizegst Ofkommes ass, dat Peking jeemools agaange wier. Woubäi et sech hei nëmmen ëm en Investitiounsofkommes handelt, mat deem den Zougang zum jeeweilege Maart gereegelt gëtt. Bréissel behaapt zudeem, datt hei eng nei Form vun der Transparenz an de Wirtschaftsbezéiunge geschafe gëtt. Kléngt emol gutt.

Et wäert sech nach wuel eppes hinzéien, bis dëst Ofkommes a Kraaft trëtt, mee da soll et den EU-Entreprise méi liicht gemaach ginn zu faire Konditiounen a China investéieren ze kënnen. Hei virzuchsweis an d‘Automobilindustrie, d‘Informatiounstechnik (IT) wéi och an d‘Industrie vun den erneierbaren Energien (Wand/Sonn). China versprécht Sozial- an Ëmweltstandarden anzehalen.

Wärend Bréissel bei Mënscherechter a Meenung-/Pressefräiheet nach ëmmer keen Handlungsbedarf gesäit, war et der EU-Kommissioun awer wichteg, an dësem Ofkommes dem chinesesche Salariat seng Grondrechter unerkannt ze kréien. Peking huet zougesot déi entspriechend Konventioune vun der internationaler Aarbechtsorganisatioun (ILO) ze ënnerschreiwen. Wann et ëm de Goss geet…

mat indymedia/bru/gva

Illustratioun: © Alyssa Stevenson / unsplash

Related topics China, Europäesch Unioun, Finanzen, Grondrechter, Investitiounsofkommes, Standarden
Next post Previous post