Search

You may also like

LRSL: Sportlech Ënnerstëtzung vu World Lacrosse an dem Sportsministère
International Neiegkeeten

LRSL: Sportlech Ënnerstëtzung vu World Lacrosse an dem Sportsministère

Mat der Hëllef vu Subside vu World Lacrosse an dem

Bettel/Medvedev: Den Dialog vun der Frëndschaft
International Neiegkeeten

Bettel/Medvedev: Den Dialog vun der Frëndschaft

Et war den éischte Besuch vun engem russesche Premier zu

Mir kréien nees méi Fräiheeten zougestanen
International Neiegkeeten

Mir kréien nees méi Fräiheeten zougestanen

Gëschter huet sech de Regierungsrot mat de leschten Erkenntnisser a

Zesumme mat China wëll Lëtzebuerg d’Stären erfuerschen

Gemeinsame Recherche-Labo ass vereenbaart

Zesumme mat China wëll Lëtzebuerg d’Stären erfuerschen

Lëtzebuerg gräift zënter Méint no de Stären. An ëmmer méi Partner wëllen do matmaachen. Elo huet de Wirtschaftsministere ugekënnegt, datt China mat u Bord ass. Eng Kooperatioun, déi souwuel wirtschaftlecher, rechtlecher als och technologescher Natur ass.

En éischte konkrete Schrëtt: d’Kreatioun vun engem gemeinsamen Fuerschungszenter. De Schwéierpunkt gëtt do op „Deep Space Exploration“ geluecht. Doranner ass op chinesescher Säit den National Space Science Center (NSSC) implizéiert, deen als Haaptagence fir de Weltraum gëllt.

Et ass e wichtege Schrëtt fir de Projet Space Mining. Mee och an anere Beräicher soll gefuerscht ginn.

An deem Center, deen als onofhängeg Organisatioun funktionéiere soll, soll Fuerschung bedriwwe ginn an och Technologien entwéckelt ginn, déi dem Space Mining zu Gutt komme sollen. Mee och en universellen interplanetaren Kommunikatiounsnetzwierk, souwéi Kommunikatiounstechnologie, déi d’Liewen am déiwe Weltraum erliichteren kéinten, sollen hei erfuerscht ginn. De Fuerschungszenter soll op mannst 5 Ugestallter kréien, heescht et am Communiqué vum Ministere.

Mam SIP

Related topics China, Lëtzebuerg, Space Mining
Next post Previous post