Search

You may also like

Fukushima: Japanesch Regierung bedreift e knaschtegt Spill
International Neiegkeeten

Fukushima: Japanesch Regierung bedreift e knaschtegt Spill

Greenpeace Japan huett e Méindeg matgedeelt, datt déi japanesch Regierung

Keen ëffentlechen Transport op Ouschterméindeg
International Neiegkeeten

Keen ëffentlechen Transport op Ouschterméindeg

Duerch déi aktuell Situatioun mam Covid-19 si weider Upassungen am

Frankräich: De gesellschaftlechen Ëmgang mat der Behënnerung (Interview)
International Neiegkeeten

Frankräich: De gesellschaftlechen Ëmgang mat der Behënnerung (Interview)

D‘Presidentin vun der Vereenegung „Femmes pour le dire, Femmes pour

China: Eemol Mound… hin an zréck

Fir d‘éischt zanter véier Joerzéngten, sinn nees Mineralie vum Mound op d‘Äerd geflu ginn

Viru wéinege Wochen hunn d‘Chinese d‘Moundsond „Chang‘e“ op den Äerdtrabant geschoss, an hir Missioun huet doranner bestanen, no hirer Landung am „Ozean vun de Stierm“ Mineralie fir weiderféierend Studien anzesammelen an op d‘Äerd ze bréngen. Dës Missioun ass gegléckt an d‘Moundsond ass gëschter sécher an der Mongolei gelant.

Op de Biller vun der Staatstëlee konnt een erkennen, wéi de kënschtlechen Himmelskierper, deen de 24. November mat enger Rakéit vum Typ „Laage Marsch 5“ vu Wenchang „eropgeschoss“ gouf, u sengem Fallschierm an der Schnéilandschaft vun der Mongolei sécher an Empfang geholl konnt ginn. D‘Moundsond gouf séier vun den zoustännegen Autoritéite recuperéiert an oftransportéiert.

Laut der Reportage vum chinesesche Staatssender, wier „Chang‘e“ an engem gudden Zoustand, bei der Landung wier alles entspriechend dem Programm ofgelaf. Déi lescht Missioun mat där vum Mound Mineralien zréckbruecht goufen, läit 44 Joer zréck. Dat war d‘Luna24-Missioun vun der Sowjetunioun, déi den 23. August 1976 mat 170 Gramm Moundgestengsprouwe matbruecht hat.

ChinaAlles ass wéi geplangt ofgelaf an och de Fallschierm huet seng Missioun gepackt. © Xinhua

Domadder sinn d‘Chinesen déi drëtt Natioun, zesumme mat de Russen an den Amerikaner, deenen esou eng Missioun gelongen ass. D‘Missioun vun der chinesescher Sond war komplizéiert, bezunn op d‘Komplexitéit vum Manöver fir d‘Sond nees an der Moundëmlafbunn u säin „Taxi“ ugedockt ze kréien. D‘Missioun gëtt vu villen Experten och als Test fir eng bemannte Missioun bewäert.

Bis et esouwäit ass, hunn elo emol d‘Wëssenschaftler an d‘Geologen eng Schank un där se knae kënnen. Elo gëllt et jo emol déi Mineralien ze ënnersichen. Esou wéi et duergestallt gëtt, sollen dës Gestengsprouwen ee puer Milliarde Joer méi „jonk“ sinn, wéi de „Kräsi“ deen d‘Amerikaner an d‘Russe (Zäitraum: 60er & 70er Joren) sengerzäit duerch de Weltraum transportéiert hunn.

Unhand den Analysen hoffen d‘Wëssenschaftler nei Informatiounen zur Geschicht vum Mound an aneren Himmelskierper ze gewannen. Natierlech huet dës Missioun och ee wichtege politesche Volet. Dozou gehéiert ee minimum u Pathos, firwat dann och eng geréng Meng u Mineralien zur Éier vum Staatsgrënner Mao Zedong an der Provënz Hunan (Südchina) sollen opbewoort ginn.

Billergallerie: D‘Moundsond Chang‘e no hirer Landung an der mongolescher Stepp. © Xinhua

Related topics Chang‘e, China, Mineralien, Mound, Moundmissioun, Moundsond
Next post Previous post