Search

You may also like

Éisträich: Politchaos wéinst Ibiza-Video
International Neiegkeeten

Éisträich: Politchaos wéinst Ibiza-Video

Eng zwee Joer al Videoopnam, an dem den éisträichesche Vizekanzler

Däitschland: D‘Genossen entscheeden sech fir eng grouss Koalitioun
International Neiegkeeten

Däitschland: D‘Genossen entscheeden sech fir eng grouss Koalitioun

Op de Choix e gudde war, dat léisst sech op

money
Covid19-Vaccin… well de Mënsch en Egoist ass
International Neiegkeeten

Covid19-Vaccin… well de Mënsch en Egoist ass

Am komplexen Zesummespill vu Politik a Wëssenschaft, geet et am

China: Vollekskongress setzt Moossstief

Demokratie gëtt kloer iwwerbewäert a Mënsche kann een net iwwert dat eegent Liewen entscheede loossen

China: Vollekskongress setzt Moossstief

China, ee vun de wichtegsten Handelspartner vu Lëtzebuerg an en ëmmer gréissere Partner vun der Finanzplaz huet erkannt, datt et gewësse Länner huet, déi dat mat „Hong Kong“ net richteg, oder zumindest eppes falsch verstanen hunn. Hong Kong ass China an net d‘USA oder Europa, an de Prinzip „Ee Land, zwee Systemer“ entsprécht net der politescher Ausriichtung vun der Partei

Fir dëse Punkt dann ee fir allemol ofzeschléissen, huet de chinesesche Vollekskongress decidéiert, datt déi fréier brittesch Krounkolonie elo ee neie Walsystem erhält. Eng Moossnam, déi bezunn op d‘Onroue vun 2019 zwéngend noutwenneg war. An der Sonnerverwaltungszon hunn demokratesch Institutiounen eppes ze vill Afloss gehat, an et war der Oppositioun méiglech Walen ze beaflossen.

An de Vollekskongress huet zu Peking den Entworf vum neie Walgesetz net grouss diskutéiert, mee mat 2.895 Jo an enger Enthalung (déi offiziell Medie hu bestätegt, datt et sech ëm en Ausrutscher handelt) ugeholl. Elo ginn d‘Gréisst an d‘Zesummesetzung vum Parlament zu Hong Kong nei definéiert. Et gëtt och en neie Kontrollmechanissem fir Politiker an der Regioun agefouert.

Peking wëll sécherstellen, datt zu Hong Kong nëmmen nach politesch aktiv dierf sinn, wien sech als Patriot bewäert huet. Eigentlech ass domadder gemengt, datt een sech zu 100% der „Partei“ an der Zentralregierung ënnerwerft an och nëmmen dat mécht, wat engem vun der Partei opgedroe gëtt. Ee Walausschuss passt op dat näischt schif geet, a bestëmmt zudeem wien zur Regierung gehéiert.

D‘Bezierksréit haten zu Hong Kong ni wierklech esou eppes wéi Muecht, waren awer bis heihinner ëmmer ee gudden Indiz fir d‘Stëmmung an der Finanz- a Wirtschaftsmetropol. Déi mussen elo nach eppes vum Afloss opginn. Dës Bezierksréit goufe quasi zu 90% vu demokratesche Politaktiviste geleet. De Xi Jinping a seng Parteikolleege wëssen: déi gi vum kapitalisteschen Ausland gesteiert.

Ee Patriot muss kee Kommunist sinn

Well et zu Hong Kong éischter manner Kommunisten huet, also därer déi zur Partei géife bekennen an hir Definitioun vun Demokratie eiser net direkt gläichzesetzen ass, sollt ee begréissen, datt elo endlech kloer Verhältnisser geschafe ginn. An iwwerhaapt, sollten d‘Awunner vun Hong Kong och emol der Zentralregierung dankbar sinn. Déi versprécht jo de System just verbesseren ze wëllen.

Esou stellt de Ministerpresident Li Keqiang fest: „Zweck vun den Ännerungen ass et, datt dee bei der Iwwergab vereenbaarte Prinzip: Ee Land, zwee Systemer; agehalen a verbessert gëtt“. Aus dem Verbindungsbüro vun der chinesescher Vertriedung zu Hong Kong heescht et dozou: „D‘Leit wäerte séier verstoen, datt d‘Zentralregierung nëmme gutt Absichten huet“. Hat et iwwerhaapt Zweiwel?

A wann déi charismatesch, a virun allem esou emanzipéiert wéi onofhängeg, Regierungscheffin vun Hong Kong, Carrie Lam, der Zentralregierung zu Peking hir richteg Dankbarkeet an Ënnerstëtzung ausschwätzt, weess een datt et vun Häerzen an aus Iwwerzeegung kënnt. „Patriot ze sinn, dat bedeit net datt een déi kommunistesch Partei muss gären hunn“, esou d‘Carrie Lam. Abee Merde alors!

D‘Britte sinn „not amused“ an den Ausseminister Dominic Raab – deem seng Meenung der Partei zu Peking immens wichteg ass – stellt fest: „Dës Ännerungen um Walsystem ënnergruewen d‘Vertraue vun der internationale Gemeinschaft“. Elo ass den Empire awer keng Weltmuecht méi an sech am Numm vun der internationaler Communautéit auszeschwätzen, zanter dem Brexit gewot.

mat indymedia/tpe/lon

Illustratioun: Déi vollkommen Iwwernam (politesch, wirtschaftlech a juristesch) vun Hong Kong ass net méi opzehalen. Dergéint maache kann ee wéineg, ze vill vun de sech fir wichteg an decisiv halende Länner, sinn vun der Wirtschaftsmuecht China ofhängeg. Och Lëtzebuerg sinn d‘Bierger vun Hong Kong egal, d‘Regierung an d‘Handelskummer hunn nëmme finanziell Interessen, un der fréierer Krounkolonie. © Wu Yi / unsplash

Related topics China, Demokratie, Hong Kong, Peking, Vollekskongress, Walsystem
Next post Previous post