Search

You may also like

Impfflicht ass rechtens!
International Neiegkeeten

Impfflicht ass rechtens!

Um europäesche Mënscherechtsgeriichtshaff zu Stroossbuerg ass gëschter ee ganz interessant

De Logement ass e Problem, deen all d’Parteie beschäftegt
International Neiegkeeten

De Logement ass e Problem, deen all d’Parteie beschäftegt

Et kann een zanter dem neie Millenium, d‘Zuel vun den

Europawahlen 2019: Fir ee méi soziaalt Europa
International Neiegkeeten

Europawahlen 2019: Fir ee méi soziaalt Europa

Gëschter hat den Aarbechts- a Sozialminister, Nicolas Schmit (LSAP) „héije“

China ass: „2 Big 2 Fail“

Well si aus dem confinéierte Wuhan bericht huet, muss eng 37 Biergerjournalistin fir 4 Joer an de Bing

China ass: „2 Big 2 Fail“

Europa, dëse Sammelsurium u sech konkurréierende Länner, déi sech viru laanger Zäit fir Wäerter, wéi Meenung- a Pressefräiheet, Rechtsstaatlechkeet a Mënscherechter generell agesat hunn, wiere gutt berode gewiescht, et bei eng Wirtschaftsunioun ze beloossen. Esou missten se sech net virwerfe loossen, datt hinnen de Goss an d‘Muecht déi dësem anhier geet, méi wichteg wéi Mënsche sinn.

China

An esou huet et säitens Bréissel kee Mucks ginn, wéi gëschter zu Shanghai de Prozess géint déi 37 Joer jonk Bloggerin d‘Zhang Zhan agelaut ginn ass. Dës Fra hat am Fréijoer via YouTube aus dem pandemiolgeschen Epizenter Wuhan bericht, allerdéngs net ganz esou wéi dat vun der Regierung zu Peking eigentlech erwaart gëtt. A wann ee sech an engem Autoritäre Staat dernieft behëlt, jo dann…

Dem Zhang Zhan gëtt vun der kommunistescher Partei, der Regierung, der Justiz a ganz besonnesch vun de Staatsmedie virgeworf, an de sozialen Netzwierker falsch Noriichte verbreet ze hunn. Dës Fra, déi vill Mënschen interviewt huet, Opnamen aus Spideeler online gestallt huet, op deenen deels katastrophal Zoustänn ze gesi waren, huet aus Siicht vun der Justiz „Onrou gestëft“. Dat gëtt deier.

Exempel statuéieren

No hirer Verhaftung war d‘Zhang Zhan an den Hongerstreik getrueden, wat d‘Zentralregierung net weider stéiert, Zwangsernierung ass a China éischter gängeg Praxis a gëtt allgemeng net als Folter unerkannt. Datt et zu engem Prozess kënnt, deen natierlech ëffentlech a mat entspriechender, well wichteger, Propaganda begleet, ass eigentlech d‘Garantie, datt et zu enger Verurteelung kënnt.

ChinaPolizisten zu Shanghai verhënneren d‘Berichterstattung zum Prozess vun der 37 järeger Zhang Zhan, déi zanter Mee wéinst Verbreedung vu falschen Noriichten an dem stëfte vun Onrou vun den Autoritéite festgehale gëtt. © Leo Ramirez (via Twitter)

Nieft dem Fakt, datt et am kommunistesche Regime keng Gewaltentrennung gëtt, gehéiert et zur Traditioun, datt een ëmmer nees dem Vollek muss virun Ae féiere, wien d‘Soen huet, wiem sech „Mënsch“ ze ënnerwerfen huet. Datt all Mënsch am Kommunismus gläich wier, ass, oder besser gesot, war sengerzäit just ee philosophesche Gedanke vun engem gewëssene Karl Marx aus Tréier.

D‘Zhang Zhan, eng Bloggerin déi erwisenermoosse gefoltert, geschloen an dann och nach ënner Zwang geniert gouf, ass bei hirem „kuerze“ Geriichtstermin zu véier Joer Haft veruerteelt ginn. Si wäert elo ënnert dem „Radar“ verschwannen, weider mësshandelt an natierlech dem Regime vu Peking zu léift nei formatéiert ginn. Et ass och méiglech datt een ni méi eppes vun him héiert.

Europa fënnt dat gutt

Normalerweis, wann op der Welt géint Mënscherechter a Pressefräiheet verstouss gëtt, ass een zu Bréissel ëmmer séier kritikfäeg. Jo et soll esouguer schonn zu Sanktioune géint Länner, Regimmer a Staatscheffe komm sinn, wou géint déi sakrosankt europäesch Wäerter a Mënscherechter méi allgemeng verstouss gouf. Woubäi d‘EU-Kommissioun an d‘EU-Länner hei ganz selektiv virginn.

China

Wéi Bréissel sech géintiwwer Mënscherechter neierdéngs positionéiert, ass unhand de Frontex-Missiounen, der Aluedung un national Grenzschutztruppe Mënschen esoulaang op d‘Sabbel ze schloe bis se fräiwëlleg ëmdréinen, oder Migranten/Flüchtlingen nees um oppene Mier auszesetzen, oder a Lager ënnert onvirstellbare Konditiounen „vegetéiere“ léisst, kengem méi e Geheimnis.

An esou interesséiert et keen zu Bréissel, och net um Krautmaart, a well keen doriwwer Bericht och keen doheem, datt d‘Zhang Zhan am Rollstull senge Riichter virgefouert gouf, hiren Affekot just der Form halber esou eppes wéi ee Plaidoyer huet dierfen zum beschte ginn, iert dann dat längst vun héchster Stell ugeuerdent Strofmooss ausgeschwat gouf. Dorunner stéiert sech d‘Politik hei net.

Et hat jo keen et ugestallt

Wann et richteg ass, datt Europa wéinst dem Ëmgang mat der uigurescher Minoritéit (eng islamesch Volleksgrupp, déi zu dausenden a Lager ëmerzu ginn) huet misse Faarf bekennen, esou richteg ass et och, datt dës „Kritik“ mam wichtegsten Handels- an Technologiepartner um diplomatesche Wee ofgeschwat ginn ass. Peking huet Versteesdemech, datt och d‘EU den Uschäi muss woren.

China

Datselwecht gëllt fir Hong Kong, wou aus diplomatescher Nout ëmmer nees u Peking appelléiert gouf sech un déi bestoend Verträg ze halen an esouwuel d‘Mënscherechter wéi d‘Pressefräiheet ze respektéieren. Éierlech gemengt war net een eenzegen Appell, an all Ausso gouf esoulaang gedréit a gekéiert, bis ee sech sécher war, datt et sech mat den Interesse vum Handelspartner vereenbaart.

Zudeem – an d‘Zhang Zhan ass net eleng – huet d‘Zentralregierung iwwert déi lescht néng Méint Dosende vu dëse sougenannte Biergerjournalisten aus dem Verkéier gezunn. Och Journalisten a Medeziner déi hir „Aussoen“ net mat den Autoritéiten ofgeschwat hunn, sinn „vun engem Ament op deen anere verschwonnen“. Dat ass net cool, mee fir Bréissel kee Grond sech Suergen ze maachen.

mat indymedia/tpe/nyc

Related topics Bloggerin, China, Meenungsfräiheet, Pressefräiheet, Wuhan, Zhang Zhan
Next post Previous post