Search

You may also like

D‘Wieder suergt weider fir Kappzerbrieches
International Neiegkeeten

D‘Wieder suergt weider fir Kappzerbrieches

An der Nuecht vun e Samschdeg op e Sonndeg, huet

Chamberwahlen: d‘Empfeelung vum Onofhängege Gewerkschaftsbond Lëtzebuerg
International Neiegkeeten

Chamberwahlen: d‘Empfeelung vum Onofhängege Gewerkschaftsbond Lëtzebuerg

Am Virfeld vun de Parlamentswahlen, déi iwwert déi politesch Majoritéitsverhältnisser,

D‘ADR an d‘Koalitiounsregierung: eng Story ouni Happyend?
International Neiegkeeten

D‘ADR an d‘Koalitiounsregierung: eng Story ouni Happyend?

Et war eng – duerch d‘Chamberwahlen am Oktober – eppes

D‘Chinesen iwwerhuelen den UN-Sécherheetsrot

Nodeems dem Joe Biden säi Virgänger, d‘USA vum internationale Parkett gezunn hat, huet de Pandabier d‘Bühn besat

D‘Chinesen iwwerhuelen den UN-Sécherheetsrot

Véier Joer laang haten d‘USA net wierklech Interessi un internationaler Zesummenaarbecht, an dat hat bannent de Vereenten Natiounen (UNO) de Chinese vill Spillraum gelooss. Si hunn et zudeem ganz gutt verstanen, all déi Opportunitéiten ze notzen, déi hinne vun den USA ugebuede goufen.

Ee Méindeg huet d‘Räich vun der Mëtt d‘Presidence vum UN-Sécherheetsrot iwwerholl. Si dauert ee Mount. Stellt sech dem Lieser d‘Fro: „an wien interesséiert dat?“. Granz dréngend interesséiert dat beispillsweis d‘Mënschen am Myanmar (fréier Burma) deen ee puer uniforméiert Raudien, mir näischt dir näischt, einfach emol d‘Demokratie geklaut hunn an all Dag wéi Dabo Leit erschéissen.

D‘Muechtiwwernam duerch de Generol Aung Min Hlaing a seng Offizéier, war scho Géigestand vun Drénglechkeetssëtzungen. China, dat „gewëssen Interessen“ an der Regioun huet, mee och Russland – de russeschen Zar Vladimir I. gëtt jo aktuell vun den USA an den Europäer gezësst – kënnen esou ee Regimewiessel „politesch novollzéien“. D‘Gewalt awer, déi kann ee verurteelen.

Um Enn steet dann eng verwässert Erklärung vum UN-Sécherheetsrot. Esou wéi leschte Freideg, wou a leschter Sekonn „aus Grënn“ ee Saz, deen d‘Gewalt géint friddlech Demonstrante schaarf verurteelt an d‘Junta zu äusserster Zeréckhaltung opfuerdert, ersatzlos gestrach. Net auszedenken, wann esou eppes géif Schoul maachen. Dës Aussepolitik ass awer keng chinesesch „Eegenaart“.

Et gëtt net grouss ronderëm de Bräi geschwat

Am Kontext vun der Pressekonferenz – déi gëtt et ëmmer wann d‘Presidence wiesselt – huet de chineseschen UN-Ambassadeur Zhang Jun, bezunn op Myanmar, nach emol däitlech géint déi vun den USA an Europa gefuerdert Sanktiounen ausgeschwat. „Sanktiounen hunn eenzeg den Zweck eng humanitär Kris ze verschlëmmeren. Dësem Problem muss d‘ASEAN eng Léisung virleeën.

Betreffend déi lafend Gespréicher mam Iran, wou et jo nach ëmmer ëm d‘Rettung vun engem de facto opgeléisten Atomofkommes (JCPOA) geet, huet de Zhang Jun sech fir eng Upassung vun de Sanktiounen agesat. Am grousse Ganze gesäit et jo esou aus, datt Däitschland, Frankräich a wuel och Groussbritannien versichen tëscht dem Iran an den USA ze vermëttelen. Russland spillt mat.

Elo hunn déi lescht Verhandlungen zu Genève erwaardungsgeméiss näischt bruecht, wëll d‘Iraner keng loscht hunn mat den Amerikaner un engem Dësch ze setzen an aus dem selwechten Teller ze iessen. D‘Europäer, déi net een eenzegt vun de „Verspriechen“ ëmgesat kruten, well dat vun den Amerikaner mëttels Undreeung vu Sanktioune géintiwwer den Investore konnt verhënnert ginn.

Peking geséich et gären, datt d‘USA hir Sanktiounen opginn, an dat am Géigenzuch den Iran sech nees un déi am alen Accord vereenbaart Reegelen hält. Dat wäerten d‘USA net kënne matmaachen. Den Iran ass nach ëmmer eng Gefor fir d‘Stabilitéit an der Regioun, finanzéiert den Terror an och Israel huet et léiwer, wann et keen Accord huet. An da war do nach Afghanistan, et gouf ugeschwat.

mat indymedia/nyc

Foto: De chineseschen UN-Ambassadeur Zhang Jun huet fir ee ganze Mount d‘Presidence am UN-Sécherheetsrot. Hie fënnt Sanktiounen – an där huet et a leschter Zäit vill ginn – net esou wierklech flott an hält se wuel och fir diplomatesch onsënneg. Et ass richteg, datt et den Ament eng Rei dëser Sanktiounen och géint China huet, wëll China d‘Mënscherechter mat Féiss trëppelt an alles mécht fir den demokratesche Prozess stattfannen ze loossen. © United Nations

Related topics China, Chinesesch Presidence, Sanktiounen, UN-Sécherheetsrot, USA, Veto, Zhang Jun
Next post Previous post