Search

You may also like

Elektresch Trottinetten zu Lëtzebuerg – Bemol waren se do!
International Neiegkeeten

Elektresch Trottinetten zu Lëtzebuerg – Bemol waren se do!

Och an der Stad Lëtzebuerg veränneren déi elektresch Trottinetten lues awer

Editorial: wann der de Schnéi Angscht mécht bleif vun der Strooss!
International Neiegkeeten

Editorial: wann der de Schnéi Angscht mécht bleif vun der Strooss!

Et gëtt Mënschen, deenen een och mam allergréisste Versteesdemech net

Tacheles: Schlofe géint de Stau
International Neiegkeeten

Tacheles: Schlofe géint de Stau

D‘Iwwerschrëft vun dësem Text kléngt e bësse komesch. Wéi soll

Am chinesesch-amerikaneschen Handelsaccord sicht Peking de Konsens

Am chinesesch-amerikaneschen Handelsaccord sicht Peking de Konsens

China huet e Mëttwoch drop higewisen, datt ee beméit wier d‘Verhandlungen hisichtlech engem Handelsaccord mat den USA, an den nächsten 90 Deeg virunzedreiwen. Et hätt ee sech engagéiert, op deene Punkten, wou schonn e Konsens besteet, ze agéieren, fir den Handelssträit bäizeleeën.

„D‘Handels- a Wirtschaftsequippe sollen an den nächsten 90 Deeg d‘Consultatioun promouvéieren, dat mat engem Kalenner an enger klorer Roadmap. (…) China wëll elo déi spezifesch Punkten ëmsetzen, bei deenen de Konsens scho fonnt ass. Wat éischter wat besser“, esou de chinesesche Ministère vir Aussenhandel.

China an d‘USA gënnen sech eng „Paus“ an hirem Handelskrich. Beim G20-Sommet vu Buenos Aires, haten den Donald Trump a Xi Jinping, beim engem Aarbechtsiessen zu enaner fonnt. Si sinn sech eens ginn, datt een d‘Verhandlunge muss ophuelen, an datt et zu strukturelle Verännerungen an hiren Handelsbezéiunge muss kommen. Eraus komm ass e „Waffestëllstand“ vun 90 Deeg.

Mam Klabes an der Hand

Während dësem Zäitraum gëtt d‘Uwennung vun engem neie Volet un Douanestaxe suspendéiert. Déi amerikanesch Presidence huet allerdéngs och gewarnt, datt sollt et an dësem Zäitraum net zu engem Accord kommen, d‘Douanestaxe vun 10% op 25% ugehuewe ginn. Heibäi geet et ëm den erzwongenen Technologietransfert an den Déifstall vun der intellektueller Proprietéit.

Bis ewell hat Peking d‘Echeance vun 90 Deeg net ernimmt. Mee de Ministère huet d‘Entrevue vu Buenos Aires kommentéiert, an d‘Aarbechtsiessen als en „Erfolleg“ bezeechent. Et hätt een dann och dat gréisste Vertrauen an d‘Ëmsetzung. China huet sech zudeem verflicht, ouni genee Zuelen ze nennen, méi amerikanesch Wueren ze importéieren.

Den Donald Trump, deen nach e Méindeg „e grousse Sprong no vir“ erwähnt huet, am Bezuch op d‘Relatioune mat Peking, huet um Dënschdegowend nees seng gewinnte Rhetorik erëmfonnt, an sech „bedreelech“ géintiwwer China ausgedréckt. Woubäi den US-President seet, datt hien nach ëmmer un en Accord mam asiateschen Tiger gleeft. Hien huet esouguer ugedeit, datt een d‘Paus bis zum 1. Mäerz verlängere kéint.

mat AFP

Related topics China, Handelsaccord, Handelskrich, Moratoire, USA
Next post Previous post