Search

You may also like

Chantier zu Haastert
Neiegkeeten

Chantier zu Haastert

Ab dem 1. Oktober 2018 wäert ee gréissere Chantier zu

Rentrée 21/22: Bettel a Meisch besichen d’Schüler zu Kielen
Neiegkeeten

Rentrée 21/22: Bettel a Meisch besichen d’Schüler zu Kielen

Fir iwwer 53.000 Schüler aus dem ëffentleche Fondamental huet et

What the Fakt – de Weltdag vum Schlof!
Neiegkeeten

What the Fakt – de Weltdag vum Schlof!

All drëtte Freideg vum Mäerz gëtt den internationalen Dag vum

Och am Mee siche manner Leit no enger Aarbecht

Och am Mee siche manner Leit no enger Aarbecht

D’Situatioun um Aarbechtsmarché bleift stabil, wat u sech positiv Noriichte sinn. Well op e Joer gekuckt sichen 580 Persoune manner eng Aarbecht. Dat sinn 3,8% manner, mee de Chômage-Taux bleift bei 5,6%. Dat sinn der awer manner, wéi virun engem Joer, wou e bei 6,4% louch.

Weider sinn et, wéi och an de leschte Méint, virun allem déi ënner 30 Joer al sinn, déi sech iwwert déi stäerkste Baisse freeën dieren (- 7,7%). Och di manner Qualifizéiert gesinn eng ähnlech gutt Entwécklung vun -5,2%. D’Suergekand bleiwen déi mat héijen Diplomer, wou 59 Persoune méi (2,1%) no enger Aarbecht sichen. Laangzäitchômeuren ginn et der ëmmer manner, esou ass d’Zuel ëm 4,4% erof gaangen. Si stellen awer ëmmer nach dee gréissten Deel vun de Chômeuren duer: 5.186 Persoune si scho méi wéi 12 Méint ouni Aarbecht.

Am Mee sinn och 3.779 oppe Plaze bei der ADEM deklaréiert ginn. Dat sinn 219 Plazen oder 6,2% méi, wéi am Mee 2017.

Méi Informatioune sinn um Site vun der Adem ze fannen.

Related topics Chômage, Llëtzebuerg
Next post Previous post