Search

You may also like

Lëtzebuergesch gëtt ëmmer méi aus dem Alldag verdrängt
Neiegkeeten

Lëtzebuergesch gëtt ëmmer méi aus dem Alldag verdrängt

Et geet ëm d’Proportionalitéit. Nach ni louch d’Verhältnes fir d’Lëtzebuerger

UNO: En Aktiounsplang géint de Mënschenhandel
Neiegkeeten

UNO: En Aktiounsplang géint de Mënschenhandel

De Lëtzebuerger Justizminister Felix Braz huet am Kader vun der

D‘Gesondheet muss ëmmer Virgoen
Neiegkeeten

D‘Gesondheet muss ëmmer Virgoen

De CSV-Generalsekretär Félix Eischen huet viru kuerzem dem Parteipresident Frank

Chômage Partiel: Nach bis den 1. Februar hutt Dir Zäit

Chômage Partiel: Nach bis den 1. Februar hutt Dir Zäit

De Konjunkturcomité, deen ënnert der Co-Presidenz vum Aarbechtsminister Dan Kersch an dem Finanzminister Franz Fayot steet, huet gëschter matgedeelt, dass den Delaie fir d’Areeche vun der Demande fir de Chômage Partiel fir de Mount Februar bis den 1. Februar 2021 inclus verlängert ginn ass.

Muss eng Entreprise duerch administrativ Decisiounen seng Dieren zou loossen, kann dës Firma ausnamsweis vun enger Verlängerung vum Delai fir de Mount Februar profitéieren. Wie seng Demande nach net erageschéckt huet, dee kritt nach bis den 1. Februar inclus Zäit dëst nozehuelen. De Formulaire „Chômage Partiel lockdown“ kënnt Dir op MyGuichet.lu fannen.

D’Kuerzaarbecht gëtt op 100 % vun de Stonnen, an deenen d’Entreprise zou war, gerechent. Huet ee schonn en Accord kritt, muss keng nei Demande agereecht ginn.

Den Delai fir de Mount Mäerz gouf iwwerdeems vum 2. Februar op den 12. Februar inclus verréckelt.

Bis ewell goufe ganzer 4.393 Demande fir Chômage Partiel fir de Mount Februar agereecht. No enger Analys goufen 4.243 Demande accordéiert. Dëst betrëfft 34.117 Salariéen.

Opmaacherbild: © Brett Jordan / Unsplash

Related topics Chômage Partiel, Covid-19, Delai, Demande, Entreprise, Kuerzaarbecht, MyGuichet, Salarié
Next post Previous post