Search

You may also like

Aarbechtsräich Rentrée beim SYVICOL
Neiegkeeten

Aarbechtsräich Rentrée beim SYVICOL

A senger Sëtzung vum 30. September ass de Virstand vum

PCR-Tester: De Plang vun der Regierung
Neiegkeeten

PCR-Tester: De Plang vun der Regierung

Wéi zanter gëschter gewosst ass, soll et bei eis flächendeckend

Piratepartei setzt op staark Kandidate fir d‘Chamberswahlen
Neiegkeeten

Piratepartei setzt op staark Kandidate fir d‘Chamberswahlen

Et waren, datt muss ee leider festhalen, net der Däiwel

De Chômage ass stabil

De Chômage ass stabil

Elo am Februar gesäit et sou aus wéi wann de Chômage stabil wier. De Moment sinn 19.882 Awunner bei der ADEM ageschriwwen an op Aarbechtssich.

Dat war den 31. Januar 2021. Et steet fest, datt mir am Dezember 2020 eng änlech Zuel haten, et ass allerdéngs eng Hausse vun 3.386 Persounen (20,5%), wann een de Januar 2020 zum Verglach hëlt.

Och de Chômage, dee vun der STATEC gezielt – a joreszäitlech ugepasst gëtt, ass um nämmlechte Level wéi am Dezember 2020. E beleeft sech op 6,4 %. Nodeems am Mäerz an Abrëll 2020 eng Hausse observéiert gouf, huet den Taux sech ab Mee nees e bësse berouegt a läit zënter August op 6,3% a 6,4%.

Am Januar 2021 hunn sech am Ganzen 2.700 Awunner op der ADEM ageschriwwen, dat sinn 182 Persounen (6,3%) manner wéi am Januar 2020. D’Hausse vum Chômage erkläert sech virun allem duerch e Réckgang vun Aarbechtsofferen an net well d’Inscriptioune geklomme sinn. Am Januar goufen 2.792 oppe Plaze bei der ADEM deklaréiert, am Verglach zum Januar 2020 ass dat tatsächlech ee Réckgang vu 36,6%. Allerdéngs gouf am Januar 2020 och en neie Rekord gemellt, 4.400 deklaréiert nei Aarbechtsplazen.

Wa mir de Januar a Februar 2021 mam November an Dezember 2020 vergläichen, ass d’Unzuel vun den deklaréierte Plazen erëm geklommen. Den 31. Januar 2021 goufen 6.582 verfügbar Plazen op der ADEM opgelëscht, dat ass eng Steigerung vu 4,8% – wann een den Dezember 2020 zum Verglach hëlt. D’Unzuel vun de verfügbare Plazen, ass bannen engem Joer zeréck gaangen. An dat ëm 17,8%.

D’Unzuel vun de Aarbechtssichend, déi de Chômage ze gutt hunn, ass am Verglach zum leschte Joer geklommen. An dat mat 20% – dat sinn 1.679 Persounen (10.006 am Ganzen.) Bei de Persounen déi d’Recht op eng Begënschtegung (bénéficiaires d’une mesure) hunn, leie mir bei 4.090, am Verglach zum Januar 2020 sinn dat 120 Persoune manner (-2,9%).

Illustratioun: © Sigmund / unsplash

Related topics Aarbechtsplazen, Aarbechtssich, ADEM, Chômage, Covid19
Next post Previous post