Search

You may also like

D‘Aartevillfalt schützen a sënnlos Stroossebauprojete stoppen!
Neiegkeeten

D‘Aartevillfalt schützen a sënnlos Stroossebauprojete stoppen!

Datt et schlecht ëm d‘Biodiversitéit steet an Lëtzebuerg en negatiivt

Abriecher on Tour
Neiegkeeten

Abriecher on Tour

Déi lescht 24 Stonnen huet d‘Police et nees verschiddentlech mat

Poetry Slam zu Éileng – de moderne Poesiebattle mat eegenen Texter
Neiegkeeten

Poetry Slam zu Éileng – de moderne Poesiebattle mat eegenen Texter

Wien gëschter Owend net zu Éileng am Centre de Rencontre

De Chômage zu Lëtzebuerg weider réckleefeg

De Chômage zu Lëtzebuerg weider réckleefeg

Aus dem leschte Communiqué vun der ADEM, geet ervir, datt de Chômagetaux am Juli sech bei 5,5% als „Stabil“ erwisen huet. Op d‘Joer héichgerechent, ass et eng Baisse vun insgesamt 5,8%. Hei muss een awer drop hiweisen, datt och d‘Zuel vun den Demandeure réckleefeg ass, wat besonnesch de jonke Leit an den Demandeure mat wéineg Qualifikatioun entgéint kënnt.

Esou waren am Juli 15.262 Leit ageschriwwen déi op der Sich no enger Schaff waren. Dat sinn der 942 manner wéi nach am Juli 2017. Wann een den Analyse vun der ADEM gleewe kann, hätt sech dës Tendenz besonnesch bei de jonken Demandeuren ënner 30 Joer bemierkbar gemaach, wou eng notabel Baisse vun 11,4% festgehale gëtt.

ChômageOch déi manner qualifizéiert Demandeure profitéiere vun der gudder konjunktureller Situatioun, mat enger Baisse hei vun 7,7%. Interessant an erfreelech, all „Altersklassen“ profitéieren heivunner: bei den Demandeuren aus der Alterstranche tëscht 30 a 44 Joer verzeechent d‘ADEM eng Baisse vun 8,8%. Bei den Demandeure vun iwwer 45 Joer ass ee mat -0,8% och um gudde Wee.

Et gi méi Plazen ugebueden

E weidere Punkt deen interessant ass: de Niveau vun der Formatioun vun den Demandeuren. Hei stellt d‘ADEM fest, datt bei de Leit mat engem Schoulofschloss am „secondaire inférieur“ eng Baisse vu 7,7% ze notéieren ass, déi mat enger Formatioun „secondaire supérieur“ leie bei -6,6%. Eenzeg bei den Demandeure mat „héije Schoulen“ gëtt et eng Zounam (+1,1%).

Ganz erfreelech de Bléck op d‘Zuele vun de Laangzäitchômeuren. Hei ass et eng Baisse vu 4,7% déi fir Zouversiicht suergt. Datselwecht Bild bitt sech bei den Demandeure mat spezifesche Besoinen, oder „reduzéierter Aarbechtscapacitéit“, hei läit d‘Baisse, op ee Joer bezunn, bei 5,8%. Vun enger Moossnam hunn 4.791 Leit (-6,2%) profitéiert. D‘Job-Offer huet ëm 24,3 % zougeholl.

Dat kléngt alles ganz gutt, mee d‘Experte sinn sech oneens, op et esou ka weider goen. Déi hunn sech d‘Zuele vun de leschte fënnef Joer ugekuckt, a bremsen den Optimismus. Laut hirer Analys wier d‘Tendenz eng aner wéi vun der ADEM duergestallt. Eng Feststellung déi ee relativiséiere muss, well eigentlech schonn ëmmer den 2. Semester fir den Aarbechtsmaart „schwiereg“ war.

mam Laure Schlesser

Foto: © Martine de Lagardère/moien.lu

Related topics ADEM, Chômage, Konjunktur
Next post Previous post