Search

You may also like

Jemen: Den UN-Emissär soll sech zu Hodeida fir en nohaltege Waffestëllstand asetzen
Neiegkeeten

Jemen: Den UN-Emissär soll sech zu Hodeida fir en nohaltege Waffestëllstand asetzen

Den UN-Emissär Martin Griffiths, ass e Freideg op Hodeida geflunn,

Aussepolitesch Grondsazried vum 46. US-President
Neiegkeeten

Aussepolitesch Grondsazried vum 46. US-President

De Joe Biden, 46. US-President, huet a senger éischter aussepolitesch

Den Handy huet hannert dem Steier näischt verluer
Neiegkeeten

Den Handy huet hannert dem Steier näischt verluer

„Wann een ‚d‘Rudder am Grapp‘ huet da sollt ee sech

De Chômagetaux fält nees op 6,1%

De Chômagetaux fält nees op 6,1%

Fir d‘Entwécklung vum Aarbechtsmaart ze analyséieren, vergläicht d‘ADEM seng aktuell Date mat deene vum virechte Joer. De Mount Mäerz 2020, war den éischte Mount dee vun der sanitärer Kris impaktéiert gouf. Dat muss bei der Interpretatioun vun den Zuele berécksiichtegt ginn, heescht et da säitens der ADEM.

Zum 31. Mäerz waren zu Lëtzebuerg 18.689 Residenten op Aarbechtssich. Géintiwwer Februar ass dat eng Baisse vu 787 Eenheeten. Géintiwwer Mäerz 2020, ass et eng Hausse vun 291 Eenheeten. De Chômagetaux, no der saisonaler Berengegung (dat rechent de STATEC aus) läit esou bei 6,1%. No der abrupter Hausse am Mäerz an Abrëll 2020, mat engem liichte Recul ab Mee, hat sech de Chômagetaux tëscht August an Dezember 2020 bei 6,3% agependelt.

Am Mäerz hu sech 2.294 Residente bei der ADEM ageschriwwen. Och dat eng Baisse vun 848 Eenheeten oder 27% géintiwwer Mäerz 2020. Hei dierf drun erënnert ginn, datt am Etat de Kris, d‘Entreprisen, besonnesch am Bausecteur hir Aktivitéiten hu missen ënnerbriechen. D‘Zuel vun de Beneficiairë vun der 100%er Chômageindemnitéit läit bei 10.319 (+1.279 Eenheeten). Och bei de Mënsche wou an enger „Mesure“ sinn, gëtt et eng Hausse vun 325 Eenheeten.

An dësem Kontext ass drop hinzeweisen, datt déi „Mesuren“ 2020 quasi ganz ugehale goufen an datt zanter dem 15 Mäerz keen eng nei Mesure ugefaangen huet. Der ADEM goufen de leschte Mount dann och 3.910 fräi Plaze gemellt, ee plus vu 65,7% géintiwwer Mäerz 2020. D‘Ursaache bleiwen déi selwecht. De Portfolio vun oppene Plazen huet zum 31. Mäerz 2021 ganzer 8.194 Posten ausgemaach. Bannent engem Joer wier dat eng Hausse vun 10,9 %

Illustratioun: © Maxime Agnelli / unsplash

Related topics Aarbechtsmaart, ADEM, Chômage, Statec
Next post Previous post