Search

You may also like

Neiegkeeten

Konditiounen Gewënnspill Beaufort Knights Gesiichtsmasken

Wien dierf deelhuelen? Um Gewënnspill dierf all volljäreg Persoun (min.

Editorial: D‘Impf-Klasse-Gesellschaft
Neiegkeeten

Editorial: D‘Impf-Klasse-Gesellschaft

Scho viru gutt engem Joer hate mir drop higewisen, datt

De CinEast huet méi wéi 10.400 Persounen an de Kino gezunn
Neiegkeeten

De CinEast huet méi wéi 10.400 Persounen an de Kino gezunn

Et war déi 11. Editioun vum Festival CinEast, ee Lëtzebuerger

Ewech domadd! Wéi soll een de Chrëschtbeemchen entsuergen?

Ewech domadd! Wéi soll een de Chrëschtbeemchen entsuergen?

Se ware knapps opgeriicht, elo ginn se schonn erëm ofgebaut. Aus dësem Grond informéiert d’Stad Lëtzebuerg de Publique, datt am Januar d’Chrëschtbeemercher ewech geholl ginn a gëtt donieft nach eng Rei Consignen.

  • D’Beemercher, déi mat Spray gefierft goufen an/oder wou nach Dekoratioun drun hänkt, gi bei der gewinnter wëchentlecher Tour vun den Dreckscamionen vum Haushaltsoffall opgesammelt.
  • Déi propper Beemercher, also ouni Spray an Dekoratioun, ginn eenzel agesammelt, entweder de selwechten Dag vum Haushaltsoffall oder den Dag drop, fir kompostéiert ze ginn.

An dësen zwee Fäll geet et duer den Dännebeemche virun 6:00 Auer moies um Dag vun der Kollekt op den Trottoir oder de Fong vum Uwiesen ze leeën (de Kalenner vun de Kollekte fannt Dir op dechets.vdl.lu). Am Fall wou de Beemche méi, wéi 2 Meter héich ass, soll een en an der Mëtt duerchschneiden.

D’Méiglechkeet, säi Chrëschtbeemche selwer ze entsuerge besteet natierlech och. An dësem Fall sollt een en op Arel an de Recycling Center féieren (Méindes – Freides vun 7:00 bis 19:30 Auer a Samschdes vun 8:30 bis 18:00 Auer). Fir weider Informatioune kënnt Dir Iech un de Service vun der Hygien wennen, ënnert der Telefonsnummer 4796-3640.

Related topics Chrëschtbeemchen, Dekoratioun, Entsuergung, Knut, VDL
Next post Previous post