Search

You may also like

EuGH schéisst „Privacy Shield“ of
Meenung

EuGH schéisst „Privacy Shield“ of

Sech wiere kann duerchaus nëtzlech sinn. Den éisträicheschen Aktivist Max

Youth For Climate: D’Long vum Planéit an Äschen
Meenung

Youth For Climate: D’Long vum Planéit an Äschen

„An dësem Moment zerstéiere Bëschbränn – déi sech méi schnell

dislike
D‘Welt reagéiert op dem Trump seng Klima-Ofso
Meenung

D‘Welt reagéiert op dem Trump seng Klima-Ofso

Während den Donald Trump an d’USA dem Paräisser-Accord eng Ofso

Chrëschtbeemchen: Brennt e schonn oder hues de nach keen?

Chrëschtbeemchen: Brennt e schonn oder hues de nach keen?

Mer hunn den éischten Dezember, den éischte Schnéi huet d‘Landschaft wäiss gefierft an et ass un der Zäit sech Gedanken ze maachen op een oder op een eben net sech e Chrëschtbeemchen an d‘Stuff stellt.

Also meng besser Halschent besteet drop, och wa mer de Sënn vun engem Bam an der Stuff net well an d’Schierbel goen. Gutt, et ass elo net wéi wa mer de Gedanken, kuscheleg an heemeleg op der Couch ze leien, an bei Chrëschtdagsmusek d‘Intimitéit vun der Zweesamkeet ze genéissen, friem wier.

Mee esou e Bam, op elo „natierlech“ oder aus „Konschtfaseren“, éierlech ech weess et net… Eleng de Gedanken, datt een déi hallef Stuff muss ëmraume fir Plaz ze maachen: Stress puer, scho well et jo elo och ganz genau esou muss sinn, wéi de „Chef“ sech dat virstellt.

Bei eis also muss et een „echte“ sinn, een vun deenen, deen no spéitstens enger Woch ufänkt seng éischt Nolen iwwert den Teppech ze verdeelen. Wou no der Zweeter Woch onmënschlecht Gefréckels néideg ass fir d‘Waasser ze wiesselen, well de Geroch… der verstitt wat ech mengen.

Bon, ech kommen net derlaanscht, an eppes Guddes huet 2017, zumindest fir mech parat gehalen. Meng Grimmel huet fusch nei Bulle kaf, d‘Simpsons-Famill, mondgeblosen, well „et gënnt ee sech jo soss näischt“. Also d‘Gewulls am Keller an um Späicher fält aus, do sinn ech gutt derlaanscht komm.

Elo zu der Gréisst. Datt eng „Nordmann“ muss sinn, hunn ech mer extra op eng Dose „Post-it“ opgeschriwwen, sécher ass sécher. Mee wéi héich muss dee Chrëschtbeemche sinn, fir datt e mir kee Misär mécht an deem wichtegste Mënsch a mengem Liewen awer nach grouss genuch ass?

Cool un deem ganzen ass dann awer de Constat, datt ech net deen eenzege sinn dee mat dësem Problem an den Dezember geet. Cool ass dann och, datt mäin dommt Geschreifs, och eppes ass wat sech méi „Männer“ esou um Comptoir géigesäiteg an de Kapp geheien. Dat ass gutt fir meng Moral.

Well ech och net drun interesséiert sinn mer d‘Bud ofzefakelen, hunn ech dann och entscheed, datt wann de Chrëschtbeemche scho muss liichten, eise jiddefalls eng LED-Liichterkette verpasst kritt. Eng vun deene wou ee mëttels Fernsteierung d‘Faarwe kanns änneren. Et wëll ee jo net musse stänneg opstoe wann e kuscheleg an der Decken op der Couch agewéckelt ass…

Also fir all déi „Männer“ déi ähnlech „Suergen“ hunn, mat iech kee Kapp. Mir sinn, wéi ee bei Anonymus géif soen: „Legioun“. Loosst eis et eise Fraen (an fir déi wou der hunn) an och de Krapperte schéi maachen. Besënnlechkeet soll ëm dës Joreszäit Tromp sinn… Allez dat gesot, schéi Feierdeeg.

Related topics Chrëschtbeemchen, Feierdeeg, Léift
Next post Previous post