Search

You may also like

CGFP & FGFC widdersetzen sech enger verkierzter Ausbildung
International Neiegkeeten

CGFP & FGFC widdersetzen sech enger verkierzter Ausbildung

Zanter bal 20 Joer setzen d‘CGFP an d‘Fédération Génerale de

Big Business: Däitschland steigert Waffenexport
International Neiegkeeten

Big Business: Däitschland steigert Waffenexport

Eis däitsch Noperen hunn an den éischte 6 Méint vun

Psychologesch Hëllef am virtuelle Raum
International Neiegkeeten

Psychologesch Hëllef am virtuelle Raum

Nieft de gesondheetleche Problemer, ervirgeruff duerch de Coronavirus Covid19, déi

Italien féiert Chrëschtdag am Hausarrest

Zou Roum hunn se d‘Zigel nach eppes méi straff ugezunn, reesen ass quasi verbuede ginn

Italien féiert Chrëschtdag am Hausarrest

An der Nuecht op en Donneschdeg huet d‘Regierung mam Ministerpresident Giuseppe Conte ee wäitreechende Beschloss geholl. D‘Italiener sollen iwwert d‘Chrëschtdeeg a méiglechst bis an dat neit Joer doheem bleiwen. Dobäi handelt et sech awer net ëm eng Recommandatioun, et ass hei kloer eng Aschränkung vun der Beweegungsfräiheet.

Mam Verbuet ze reesen – an dat bis de 6. Januar – solle weider Covid19-Infektioune verhënnert ginn. D‘Zuele sinn aktuell och net wierklech zefriddestellend an de Gesondheetssystem weider iwwerbelaascht. Aus dësem Grond wëll d‘Regierung 60 Milliounen Italiener dovunner ofhalen an d‘Chrëschtvakanz ze fueren, d‘Famill an/oder Bekannten iwwert d‘Feierdeeg besichen ze goen.

Wat bedeit dat? Ma datt tëscht dem 21. Dezember an dem 6. Januar d‘Reesen tëscht de Regiounen net erlaabt ass. Et dierf een och net a seng Vakanzewunneng fueren (fir all déi wou en 2. Wunnsëtz hunn), weder an d‘Bierger nach un d‘Mier. D‘Réckrees zur Haaptwunnadress ass méiglech. All déi aner Deplacementer musse kloer begrënnt sinn: Aarbecht, Noutfall, gesondheetlech Grënn…

Dat si stramm „Contrainten“ an de Sënn an Zweck vun dëse Moossnamen, déi d‘Regierung den Italiener hei operleet, ass denkbar einfach: Et soll ënnert allen Ëmstänn a mat alle Mëttel verhënnert ginn, datt et zu de risege Familljefester an aneren Evenementer ënner „Frënn“ kënnt. Interessant de Fait, datt d‘Hoteller weiderhin op hunn. Si dierfen awer nëmme Gäscht aus der Regioun ophuelen.

Gutt dat Italiener disziplinéiert sinn

Nieft dëse „grousse Linnen“ gëtt et dann nach ee puer Highlights. Esou gëtt op Chrëschtdag (25. Dezember) an Neijoerschdag (1. Januar) d‘Handbrems op Uschlag festgezunn. Dann ass et den Italiener (a allem wat sech esou an Italien ophält) ënner Strof verbueden hir Stied an Dierfer ze verloossen. Och d‘Famill dierf nëmme besicht ginn, wann se am selwechten Uert usässeg ass.

Schifuere fält och aus, also zumindest iwwer Chrëscht- an Neijoerschdag. Den derzougehéieregen Text ass vun der Regierung ëm 50 Deeg verlängert ginn. Fir ze verhënneren – oder et zumindest de Leit richteg schwéier ze maachen – hir Schivakanz an d‘Ausland ze verleeën, ass eng Quarantaine beim Retour beschloss ginn. An der Branche hält sech d‘Begeeschterung entspriechend a Grenzen.

Bistroen a Restaurante musse weiderhin um 18 Auer zoumaachen, wa se net grad an enger rouder Zon sinn. Italien huet sech jo fir ee System entscheet wou d‘Risikozone faarflech agestuuft ginn. Gréng ass kloer, bei giel duerft bis ewell nach gereest ginn a bei rout sollten d‘Leit gefällegst mam Aarsch doheem bleiwen. Dat zumindest mengt de Gesondheetsminister Roberto Speranza.

Mat wäit iwwer 950 Covid19-Stierffäll gëschter, ass Italien nees Spëtzereider an der Unioun. De Roberto Speranza huet seng Landsleit gewarnt, datt ouni d‘Anhale vun allen Oplagen, dem Respekt vun alle Beschränkungen, et am Januar/Februar zu enger drëtter Well kéint kommen. Offiziell gëtt bis ewell an Italien méi wéi 1,6 Millioune Covid19-Infektiounsfäll.

mat indymedia/rom

Foto: Wann den Italiener owes net an der Restaurant dierf, kacht en ebe selwer. D‘Mäert sinn nach net zougemaach ginn, an wëll den Horesca-Secteur kaum Ëmsaz mécht, falen och d‘Präisser vun de Liewensmëttel. © Gabriella Clare Marino / unsplash

Related topics Ausgangsspär, Chrëschtdag, Covid19-Pandemie, Giuseppe Conte, Italien, neijoerschdag, Reesverbuet, Roberto Speranza
Next post Previous post