Chrëschtdag ass do!

Et ass ëmmer Nostalgie an der Luucht, wa Chrëschtdag ass, mee dëst Joer ass se méi staark – fir mech wéinstens.

Villes huet sech geännert an der Welt, a mir wëssen net richteg wat eis erwaart. Mee, op där anerer Säit ass och vill Engagement vu Mënschen, fir déi de Mënsch mat Häerz dat Allerwichtegst ass.

An d’Léift wäert och ëmmer gewannen. Et ass déi Welt, déi mer wëllen, déi mer eise Kanner och wëllen iwwerloossen. D’Familljen an déi vill Laaschten, déi se mussen droe fir hire Kanner een anstännegt Liewen ze ginn, ginn ëmmer méi grouss an si wëssen oft net méi, wou an an aus.

Duerfir publizéiere mer de Rapport vum Collectif monoparental, dir kënnt en hei liesen.

An dee ganzen Artikel ass hei disponibel.

*matgedeelt vu famill.lu

Dernières nouvelles