Search

You may also like

COVID-19 a Myanmar: Et feelt u Grondversuergung
Kultur Neiegkeeten

COVID-19 a Myanmar: Et feelt u Grondversuergung

D’Hëllefsorganisatioun CARE warnt, datt d’Lag a Myanmar sech weider verschlëmmere

Polen féiert e Krich géint d‘LGBT-Communautéit
Kultur Neiegkeeten

Polen féiert e Krich géint d‘LGBT-Communautéit

Iwwert de leschte Weekend wollten eng 800 bis 1.000 Mënschen

Metalbörse 2020: Däischter Schuel, helle Kär
Kultur Neiegkeeten

Metalbörse 2020: Däischter Schuel, helle Kär

Wou den Otto-Normalbierger einfach an de Buttek geet a sengem

Chrëschtdagsfilmer mol anescht:

Chrëschtdagsfilmer mol anescht:

Wann et Iech géint de Stréch gëtt, datt an all Film a Klack bimmelt oder Elfen doruechter féieren – mir hunn Iech e puer Alternativen zesummegesicht. Mee opgepasst, et ass näischt fir schwaach Nerven!

Black Christmas

Chrëschtdagsfilmer

Wärend d’Ashley op de klenge Luke oppasse soll, kritt hatt mat, datt am Haus agebrach gëtt. Déi sou sécher Noperschaft muss elo vun him verdeedegt ginn. Mee wäert him dat geléngen?

Krampus

Chrëschtdagsfilmer

Dëse Film huet nawell zimmlech un eisen Nerve gerappt … D’Famill vum Max huet sech all Joer am den Hoer, si verbréngen awer all Chrëschtdag zesummen. Et dauert awer net laang an de Bordell ass nees un – wéi ëmmer… Si hunn de Krampus onverhofft wakereg gemaach a elo gëllt et zesummenzehalen, fir en nees lass ze ginn.

A Christmas Horror Story

Chrëschtdagsfilmer

Déi Klengstad Bailey Downs gëtt Hellegowend vu kuriéise Geeschtergeschichten heemgesicht – kleng Kanner ginn entfouert, Geeschter dreiwen hiert Onwiesen an de Schoulen an de ginn et nach Zombie-Elfen. Traut Dir Iech?

Tödliche Weihnachten

Chrëschtdagsfilmer

E vun de Favoritten ass Tödliche Weihnachten mam Geena Davis. Hatt ass eigentlech Hausfra a Mamm. A da gëtt et nach d’Charly, seng Géigner stierwen nawell op originell Manéier. Tatsächlech sinn déi zwee déi selwecht Persoun. Kann de Samuel L. Jackson him aus senger Amnesie ze hëllefen? Et ass spannend – all eenzel Minutt.

Sou, an dat Bescht kënnt zum Schluss:

Christmasland

Chrëschtdagsfilmer

Dat ass kee Film, mee eng Serie. “Kanner wéilt dir éiweg liewen? De Charlie Manx kann dësen Dram Wourecht maachen, mee et ass e ganz béise Mann. Wat huet e mat de Kannerséile wëlles? Ma bestëmmt eppes Schreckleches! Et ass e richtegen Horrortripp, zemools wann ee Kanner huet.

Loosst d’Luucht léiwer un …

Illustratioun: © Ali pazani / unsplash

Related topics A Christmas Horror Story, Black Christmas, Christmasland, Krampus, Tödliche Weihnachten
Next post Previous post