Tragedie bei Chrëschtdagsparad zu Waukesha

An engem Viruert vu Milwaukee (Bundesstaat Wisconsin) ass ee schwéiert Gefier, vum Typ SUV, an en Ëmzuch gerannt. D‘Police huet vun enger chaotescher Situatioun an engem tragesche Virfall geschwat.

De Policechef vu Waukesha, Dan Thompson, huet op Nofro bestätegt, datt d‘Gefier confisquéiert a den Chauffer verhaft ginn ass. De SUV, esou en Aenzeie wier mat voller Wucht an eng Danzgrupp vu Meedercher am Alter tëscht 9 a 15 Joer gerannt. Wat huet den Täter zu dëser Dot animéiert? En Accident jiddefalls wëll an dësem Kontext keen erkennen. De Bilan selwer ass och erschreckend.

Vum Pompjeeskommandant gouf et eng kuerz Iwwersiicht. 23 Persoune wieren esou schwéier blesséiert ginn, datt si an d‘Spidol hu missen iwwerstallt. Rieds ass vu 11 Erwuessenen an 12 Kanner. Et huet och Doudeger ginn. Zur Unzuel vun den Affer a soss Detailer wollt de Policechef nach näischt soen. Hei musse vir d‘éischt d‘Famillje vun de Verstuerwene kontaktéiert ginn.

Waukesha

Wann elo zu den Hannergrënn vun der Dot näischt gewosst ass, esou ass de Virfall selwer vu vill Kameraen dokumentéiert ginn. Op de Biller kann een ee Cortège gesinn, wéi ee se aus Reportage kennt an déi typesch fir de ländleche Raum sinn. De SUV huet hei eng Spär duerchgebrach an ass mat héijer Vitess, riicht ewech an de Grupp Jugendlecher an an d‘Zuschauer gerannt.

mat indymedia/mke

Dernières nouvelles