Escher Chrëschtmaart ënner CovidCheck-Regimm

Datt d‘Situatioun un der Covid19-Front ass, wéi se nu emol ass, bréngt mat sech, datt ee wuel nees eppes méi en attentionéierte Beholl sollt un den Dag leeën. Egal op geimpft, geheelt oder getest, et ass ee gutt Beroden nees seng Mask unzedoe wou gréisser Mënschegruppen sech bilden, an dat och dobaussen. En Fait dee seng Ronn mécht a Folgen huet.

Nodeems zu Esch ee Freideg de Chrëschtmaart nach „ouni Alles“ auskomm ass, heescht elo hei ab muer Mëttwoch: Liicht en Gréng dierfs de matmaachen. Dat suergt sécherlech nees fir eppes Gejäiz an de sozialen Netzwierker, ännert awer un dëser sécherlech noutwenneger Situatioun näischt. Dat elo Leit huet, déi sech froe firwat dat net antizipéiert konnt ginn, wou dach alles drop hi gedeit huet, ass berechtegt. Ëmmerhi sëtzt den Escher Buergermeeschter an der Chamber…

Covid19
Wier dat un Ufank un esou decidéiert ginn, hätt et wuel net däraarteg Reaktiounen

Et ass doriwwer eraus och seng Fraktioun, also d‘CSV, déi jo um Krautmaart vun der Regierung erwaart, mat méi Viraussiicht de ganze Mëssel mam Covid19 unzegoen. Hätt dann do de Georges Mischo elo net selwer missen antizipéieren? Dat ass net esou einfach, och hie muss hei eppes Koalitiounszwäng berécksiichtegen, a konnt wuel net eegemächteg drop hin drängen, d‘Kontroll, also de CovidCheck-Regimm fir den Escher Chrëschtmaart unzeuerdnen.

D‘Decisioun ass elo déi wou et ass, an eigentlech ass et konsequent. Géif sech erausstellen datt et um Chrëschtmaart ee Cluster huet, oder dësen do säin Ursprong huet, misst een dësen am schlëmmste Fall fréizäiteg zoumaachen. Dat kann ee weder de ville Leit déi hei 39 Buden zum Liewensënnerhalt oder fir de Veräi bedreiwen undoen, wéi een all deene wou sech de Reegelen entspriechend behuelen, net sollt bestrofen. Et huet ee jo nach de Choix.

Dernières nouvelles