Search

You may also like

money
Bankfraisen: ULC-Petitioun iwwerzeegt de Krautmaart
Neiegkeeten

Bankfraisen: ULC-Petitioun iwwerzeegt de Krautmaart

Si hu verhandelt, du gestridden am um Enn ass der

eSport: Den ACL gëtt Vollgas!
Neiegkeeten

eSport: Den ACL gëtt Vollgas!

Ab e Méindeg 15. Mäerz, geet den Automobilclub Lëtzebuerg mat

Tëscht dem Uschi an dem BoJo gëtt et Gespréichsbedarf
Neiegkeeten

Tëscht dem Uschi an dem BoJo gëtt et Gespréichsbedarf

Um Freidegowend sinn d‘Gespréicher zu de Verhandlunge fir en Handelsofkommes

De Christian Wester ass den neie President vun der Lëtzebuerger Bauerenzentral

De Christian Wester ass den neie President vun der Lëtzebuerger Bauerenzentral

Nodeems de Marc Fisch d’Mandat als President vum Lëtzebuerger Bauerenzentral fir d’Period vun 2021 bis 2025 net méi viruféiere wollt, ass elo den Vizepresident Christian Wester säin Nofolger.

Den neie President vun der Bauerenzentral ass 1986 gebuer ginn a leet zesumme mat sengem Brudder ee Mëllech- a Mudderkoubetrib zu Alzeng. Duerch säi politeschen a gewerkschaftlechen Interessi huet hien ënnert anerem schonn d’Lëtzebuerger Bauerejugend vertrueden a war vun 2007 bis 2010 souguer hire President. Ab 2016 war de Christian Wester Vizepresident vun der Bauerenzentral, zënter 2019 och effektive Member vun der Landwirtschaftskummer.

De Marc Fisch bleift der Zentral awer trei, an dat als 1. Vizepresident. Zum Virstand gehéieren esou nieft dem Christian Wester an dem Marc Fisch, de Guy Feyder als 2. Vizepresident, den Eric Pesch, de Marc Kohll, de Félix Miny, d’Antoinette Reiff-Lafleur als Memberen, sou wéi de Joé Biver als Vertrieder vun der Bauerejugend an d’Apolline Hoffmann-Kohl als Vertriederin vum „Service Activités Féminines“.

D’Lëtzebuerger Bauerenzentral ass 1944 gegrënnt ginn a vetrëtt als gréisst Beruffsorganisatioun d’Baueren, d’Wënzer an d’Gäertner.

Opmaacherfoto: © Centrale Paysanne / Laurent Blum

Related topics Bauerenzentral, Centrale Paysane, Christian Wester, Comité, Marc Fisch, President
Next post Previous post