Search

You may also like

Maacht den ëffentlechen Transport gratis an domat d‘Land prett fir d‘Zukunft!
International Neiegkeeten Sport

Maacht den ëffentlechen Transport gratis an domat d‘Land prett fir d‘Zukunft!

Eis däitsch Noperen denken haart iwwert de gratis ëffentlechen Transport

Zeienopruff: Bankomat zu Gréiwemaacher gesprengt
International Neiegkeeten Sport

Zeienopruff: Bankomat zu Gréiwemaacher gesprengt

Tëscht 02:45 an 03:15 ass an der leschter Nuecht e

Gräisslech Entdeckung an engem Funerarium zu Detroit
International Neiegkeeten Sport

Gräisslech Entdeckung an engem Funerarium zu Detroit

Déi amerikanesch Police huet an engem Funerarium zu Detroit (Michigan),

Cyclissem: Endlech ass et un den Dammen!

D‘Christine Majerus hëlt un der éischter Dammecourse vu Paräis-Roubaix deel

Cyclissem: Endlech ass et un den Dammen!

Laang hunn d‘Damme vum Peloton missen drop waarden, dëse Samschdeg, den 2. Oktober 2021 ass et souwäit. Déi éischt Editioun vun der Dammecourse Paräis-Roubaix fënnt am Norde vu Frankräich statt. Den Depart ass zu Denain.

125 Joer no der éischter Editioun vu Paräis-Roubaix hunn d‘Fraen aus dem Vëlossport endlech d‘Recht „d’Häll vum Norden“ ze schmaachen. Vun Denain aus hunn si 116,4 Kilometer ze absolvéieren, si wäerten déi nämmlecht Streck wéi d‘Männer zeréckleeën, fir de Roubaix-Velodrom ze erreechen. Dëst ass déi traditionell Arrivée vun der legendärer Course um Pawee.

D‘Cyclistinnen hunn insgesamt 17 Pawees-Secteuren ze passéieren, am Géigesaz ze de Männer hunn si awer keng Arenberg Lück um Programm. Dofir kënnen si sech mat engem Passage um dacks entscheedenden „Carrefour de l’Arbre“, engem vun de schwéiersten Ofschnëtter vum Rennen, tréischten. En huet eng Längt vun 2,1 Kilometer.

Christine Majerus bei der Damme-Course vu Paräis-Roubaix
Christina Majerus / Twitter

D’Christine Majerus um Depart

De Kampf ëm d‘Victoire schéngt epesch ze ginn. Et ginn vill Favoritten, déi drop zielen, déi Éischt ze ginn. Ënnert hinne befannen sech déi formidabel Hollännerinnen wéi d‘Annemiek van Vleuten (Movistar), d‘Marianne Vos (Jumbo), d‘Ellen van Dijk (Trek) oder dat jonkt Lorena Wiebes (DSM).

D‘Ekipp SD Worx vum Christine Majerus wäert nieft der Lëtzebuerger Meeschtesch Chantel van den Broek-Blaak an der italienescher Cyclistin Elena Cecchini geneesou op d‘Victoire hoffen.

D‘Mediewierkung vun dëser éischter Damme-Course wäert riseg sinn. De Samschdeg um 15:15 Auer ginn zwou Stonne live am franséische Fernsee iwwerdroen. D‘Course ass en éischte Schrëtt virun der Etabléierung vun enger echten Dammen-Tour de France am Joer 2022 vun ASO.

Opmaacherbild: © Munbaik Cycling Clothing / unsplash

Related topics Christine Majerus, Cyclissem, Dammecourse, Denain, Paräis-Roubaix, Vëlo
Next post Previous post