Search

You may also like

Nordkorea: De Kim Jong-Un deklaréiert d‘Enn vun den Hostilitéiten
Meenung Neiegkeeten

Nordkorea: De Kim Jong-Un deklaréiert d‘Enn vun den Hostilitéiten

Pyongyang huet um Samschdeg eng spektakulär Entscheedung geholl a bekannt

De Freemium-Modell: Verspillt Geld oder gratis Freed?
Meenung Neiegkeeten

De Freemium-Modell: Verspillt Geld oder gratis Freed?

Ween sech ameséiere wëll gräift zum Handy. Mol kuckt en

Gin Ale – oder d‘Sonnesäit vum Liewen
Meenung Neiegkeeten

Gin Ale – oder d‘Sonnesäit vum Liewen

De Weekend ass schonn e puer Stonnen al an hannert

Eng gréng Architektur vun der zukünfteger Landwirtschaft

Eng gréng Architektur vun der zukünfteger Landwirtschaft

D’EU-Parlament stëmmt an dëser Woch iwwert d’Virschléi vun der EU-Kommissioun zur Agrarreform of. Dora fuerdert d’Kommissioun e méi héije Beitrag vun der Landwirtschaft zum Ëmwelt- a Klimaschutz, andeems Direktzuelungen zouhuelend un Ëmweltmoossname gebonne ginn.

Doriwwer hinaus schléit si mat de Strategiepläng en neien Ëmsetzungsmodell vir, dee Memberstaate méi Flexibilitéit gëtt. An Zukunft sollen d’MS eege Strategiepläng entwéckelen, an deenen si d’Ziler an d’Moossnamen zur Ëmsetzung vun der GAP festleeën.

D’Reformpläng sinn am EU-Parlament héchst ëmstridden an hunn zum Areeche vu méi wéi 5.000 Ännerungsufroen an den zoustännegen Ausschëss gefouert. No méintelaange Verhandlunge konnt ech als verantwortleche Berichterstatter fir d’GAP am Ëmweltausschoss mat den aneren Europadeputéierten e puer Kompromësser aushandele fir d’Ofstëmmung am Plenum, mat deene mir hoffen eng Balance tëscht den zouhuelenden Ufuerderungen un d’Baueren am Ëmweltberäich an d’Wirtschaftlechkeet besonnesch fir Familljebetriber sécherzestellen.

„Bei de Virschléi zur grénger Architektur vun der zukünfteger Landwirtschaft ginn d’Virstellunge vun de verschidde Fraktiounen diametral auserneen. Well d’Ënnerstëtzung vun Ëmweltmoossnamen och an de Memberstaate vëlleg ënnerschiddlech gehandhabt gëtt, hat d’EVP-Fraktioun virgeschloen, e globalen Ëmweltbudget festzeleeën an de Memberstaaten fräizestellen, ob si dës Moossnamen iwwert d’Direktzuelung (1. Sail) oder déi laangfristeg Ëmweltmoossnamen (2. Sail) ëmsetze wëllen.

Leider hat sech dëse Virschlag net duerchgesat, well et eng Majoritéit fir e festgeluechte Budget fir d’Ëmweltmoossnamen am Kader vun der éischter Sail gouf. Eng komplett Koppelung vun Direktzuelungen un Ëmweltmoossnamen, wéi vun de Grénge gefuerdert, konnte mir verhënneren. Amplaz sollen no de Kompromëssvirschléi 30 % vun den Direktbezuelungen an der éischter Sail an déi nei sougenannt Ëmweltmoossname fléissen.

Dës Moossnamen si fir Baueren zwar fräiwëlleg, duerch déi finanziell Fërderung entsteet fir d’Landwirten awer den Ureiz, Ëmweltschutz ze bedreiwen. Well mir déi laangfristeg Ëmweltmoossnamen an der zweeter Sail grondsätzlech fir wichteg halen, hu mir de Budget, deen an dës Moossname fléisse soll op 35 % opgestockt.

Memberstaate sollen d’Méiglechkeet hunn, e gewëssen Undeel vun de Gelder tëscht de Sailen ze verréckelen. Well eis kleng a mëttel landwirtschaftlech Betriber a Familljebetriber besonnesch um Häerz leien, fuerdere mir eng Erhéijung vun der fir d’Memberstaate verflichtend Ëmverdeelungsprimm (déi éischt Hektar profitéiere vun enger méi héijer Direktzuelung) op mindestens 12 %.

Eng Kappung (Uewergrenz ab där keng Direktzuelung méi méiglech ass) gëtt esou vermeit. Dëse Modell, dee prozentual de klengen a mëttlere Betriber méi staark ze Gutts kënnt, orientéiert sech un der Duerchschnëttsgréisst vu Betriber. Landwirtschaftlech Betriber, beispillsweis mat enger Gréisstenuerdnung vu 50 ha, kënnen esou – ganz ouni grousse bürokrateschen Opwand – eng Ëmweltprimm an Héicht vun 3.000 € (Stand haut) erhalen.

Mat eise Kompromëssvirschléi hoffe mir d’Erausfuerderunge vun Ekologie an Ekonomie an Eeklang ze bréngen.“

Hannergrond

Den Agrarbudget ass mat eppes ënner 40 % vum gesamten EU-Haushalt de gréissten Haushaltsposten vun der EU. En deelt sech op an Direktzuelungen un d’Baueren am Kader vun der „éischter Sail“ an déi strukturell Fërderung vum ländleche Raum am Kader vun der „zweeter Sail“.

D’Agrarpolitik ënnerstëtzt direkt oder indirekt ëm 44 Millioune Beschäftegt am Agrar- a Liewensmëttelsecteur. D’Bäihëllef un d’Baueren (Direktzuelungen) mécht ëm 46 % vun hirem Akommes aus a soll d’Versuergungssécherheet mat Liewensmëttel an der EU sécherstellen.

Trotzdeem ass den Akommes vun de Bauere 40 % méi niddreg wéi an anere Betriber. Gläichzäiteg réckelt d’Landwirtschaft ëmmer méi an de Fokus beim Erreeche vun de Klimaziler, well si ass déi gréisst Quell vun der EU fir Zäregasemissiounen .

Matgedeelt vum Christophe Hansen, Berichterstatter vum Ëmweltauschoss fir d’GAP

Opmaacherbild: © Maximilien T. Scharner / Unsplash

Related topics Baueren, Budget, Christophe Hansen, Ëmweltmoossnamen, GAP, Gemeinsam Agrarpolitik, Kompromëss, Landiwrtschaft
Next post Previous post