Search

You may also like

surprise
Den OGB-L gesäit bei der neier Fréirentereegelung vill Problemer
Neiegkeeten

Den OGB-L gesäit bei der neier Fréirentereegelung vill Problemer

A kierzt gëtt an der Chamber iwwert d‘Reform vum Gesetz

Covid-19: E Réckbléck op d’Woch vum 11. bis de 17. Januar 2021
Neiegkeeten

Covid-19: E Réckbléck op d’Woch vum 11. bis de 17. Januar 2021

Aus dem Bilan vun der Santé geet ervir, datt, sech

Lëtzebuerg an de Coronavirus: 203 Infizéierter an 2 Doudesfäll
Neiegkeeten

Lëtzebuerg an de Coronavirus: 203 Infizéierter an 2 Doudesfäll

Wéi d’Gesondheetsdirektioun de Moien matgedeelt huet ass d’Zuel vun de

CID Fraen an Gender – Schlagzeile mat Folgen

CID Fraen an Gender – Schlagzeile mat Folgen

D’Gläichheet vum Akommes ass erreecht. Op alle Fall huet den Tageblatt dës Äusserung den 12.12.2018 an engem Artikel geschriwwen, gefollegt vun enger méi oder manner detailléierter an differenzéierter Analys a Bewäertung vun Daten aus dem Joer 2014 vu STATEC zur Ongläichheet vum Akommes tëschent Mann a Fra zu Lëtzebuerg.

Deemno huet laut Auteur, d’Gläichstellungspolitik vun de leschte Joer, am Bezuch op d’Gläichheet vum Akommes, hiert Ziel erreecht, wat awer bis ewell vertuscht gouf. Den Auteur beleet seng Thees mam Medianakommes, den bei Frae bei 5,13 % iwwert dem vun de Männer läit. D’Politik an d’Press hätten dogéint ëmmer nëmmen iwwert d’Duerchschnëttsakommes geschriwwen, woubäi Fraen am Joer 2014 6,4 % manner wéi d’Männer verdéngt hunn (laut EU-Kommissioun louch den Taux 2016 bei 5,5 %).

Hei koum den Auteur zum (Fehl-)Entschloss, datt d’Zomm vun den zwee Resultater faktesch gesinn d’Egalitéit vum Akommes ergëtt – dofir och den Titel vum Artikel an d’Thees vun der vermeintlecher Gläichheet vun der Pai.

Wat den Artikel just kuerz uschneit ass, datt d’Ënnerscheeder an der Pai tëscht de Geschlechter ënnert anerem staark vum Secteur vun der Beschäftegung ofhängeg sinn. Dofir läit de Median vum Akommes vun enger Fra nëmmen an dräi vun dräizéng Secteure liicht iwwert dem vum Mann. Dat läit virun allem dorun, datt et sech hei ëm „traditionell Männerberuffer“ am niddrege Lounsecteur handelt.

Guer net thematiséiert gëtt de sougenannte „gender overall earnings gap“. Des Miessung integréiert dräi Aarte vu Benodeelegungen, dene Frae weltwäit um Aarbechtsmarché ënnerleeën: niddrege Stonneloun, wéineg Aarbechtsstonnen a bezuelten Aarbechtsverhältnisser, geréng Beschäftegungsraten. Der EU-Kommissioun no hu Fraen zu Lëtzebuerg am Joer 2016 no dëser Rechnung 32,5 % manner wéi d’Männer verdéngt (den EU-Duerchschnëtt louch am selwechte Joer bei 39,6 %).

Ëmmerhi gëtt den Auteur am leschten Ofschnëtt vum Artikel un, datt d’Interpretatioun vun dësen Zuelen net als Erreeche vun der Gläichstellung vun de Geschlechter wäerten dierf a verweist op déi staark Ënnerpresenz vu Fraen a Féierungspositiounen, sou wéi op de groussen Undeel u Fraen, déi just hallef beschäftegt sinn.

Erëm ganz am Sënn vun der Titel-Polemik liest sech d’Dagesëmfro vum Tageblatt de selwechten Dag. Virum Hannergrond vun der angeblech erreechter Loungläichheet, dierf de Lieser/d’Lieserinn sech tëschent dräi Meenungen entscheeden. Dat erschreckend Resultat weist, datt 43 % vun de Leit uginn hunn, datt een elo muss oppassen, datt elo net d’Männer benodeelegt ginn. 21% sinn der Meenung, datt d’Fraen déi selwecht Chancen hunn, wéi Männer an weider 36 % ginn un, datt trotz enger gläicher Pai nach keng Gläichberechtegung herrscht.

Et ass een traurege Fakt, datt zu Lëtzebuerg vill Leit wunnen, déi keng strukturell Benodeelegung vu Fraen (er)kennen a verschiddener esouguer eng grondsätzlech Benodeelegung vu Männer fäerten.

A Saache Sensibiliséierung a Bildung bléift nach vill ze dinn – net nëmmen am Ministère fir Gläichberechtegung vu Fraen a Männer, mee och an den zivilgesellschaftlechen Organisatiounen, déi sech ëm d’Creatioun vun enger Mënscherechtskultur beméien.

Matgedeelt vum CID | Fraen an Gender – Iwwersat vum Shari Pleimelding/moien.lu

Related topics Akommes, CID Fraen a Gender, Fehlinterpretatioun, Gläichberechtegung, Tageblatt
Next post Previous post