Search

You may also like

Russesch Medienopsiicht bremst Twitter aus
Neiegkeeten

Russesch Medienopsiicht bremst Twitter aus

Wéi Roskomnadsor (Роскомнадзор) matgedeelt huet, hätt de Bedreiwer vum sozialen

Elo séier agéieren, well d’Situatioun an eise Schoule guer net méi agreabel ass!
Neiegkeeten

Elo séier agéieren, well d’Situatioun an eise Schoule guer net méi agreabel ass!

An de leschte Wochen huet d’Situatioun sech an de Schoule

12 Méint an 12 Geschichten – D’Schwieregkeeten am soziale Beräich (Deel 2)
Neiegkeeten

12 Méint an 12 Geschichten – D’Schwieregkeeten am soziale Beräich (Deel 2)

„Autiste kënne sech der Gesellschaft net upassen“ oder „Een deen

De CIGL-Esch luet an op seng Randonnée „Roude Buedem“

De CIGL-Esch luet an op seng Randonnée „Roude Buedem“

E Samschdeg 26. Januar organiséiert den Zenter vun der lokaler Initiativ a Gestioun (CIGL) vun Esch-Uelzecht um Gaalgebierg eng Randonnée „Roude Buedem“, déi mat Gegrilltes an engem Spillnomëtteg op der Terrasse vum Camping ofgeschloss gëtt.

An der grénger Long vun der Minettemetropole, kann ee sech de Weekend de kalen Temperaturen entgéint stäipen, an sech am Krees vu Famill, Frënn an/oder Kollegen e flotten Tour duerch d‘Natur gënnen. Dofir muss een eigentlech just richteg gekleet a bis spéitstens 10 Auer op der Plaz Pierre Ponath (dat ass gläichzäiteg de Busarrêt vun der Linn 12) ukommen, vu wou et da ka lassgoen.

Begleet ginn déi interesséiert Randonneure vum Sportsproff Guy van Hulle, dee verséchert, datt et an engem vill all Mënsch ugepassten Tempo duerch déi wonnerschéin Natur geet. Den Tour, deen ënnert anerem laanscht de Liegeois-Weier féiert, dauert eng véier Stonnen, bedréit 13 Kilometer a geet bei der Entrée zum Camping, hannert dem Déierepark, op en Enn. Also machbar oder?

Um Camping Gaalgebierg kann da jiddereen eppes géint den, sécherlech bis dohinner „groussen“ Honger, ënnerhuelen. Et gouf eis awer ugekënnegt, datt d‘Animatioun a soss Aktivitéiten eréischt um 15 Auer lassginn. Genuch Zäit deemno fir sech an der Buvette opzewiermen, iert ee sech fir déi ganz Spiller déi op der Plaz organiséiert ginn, nees der Keelt aussetzt. Langweileg gëtt et net.

Dofir huet de Max Schmitt aus der Buvette gesuergt. Keelen op finnesch spillen, Huffeisen uechter d‘Géigend schmäissen oder Neel aklappen. U bossegen an drolegen Animatiounen ass nieft de Klassiker net gespuert ginn. De Grill soll vu 14 bis 22 Auer duerchgoend Glous produzéieren, an ausser Fleesch gëtt et Ënnenzopp, waarme Fiz, a soss Schmeechelhaftes fir jonk an al.

Elo hu mir iech Loscht gemaach? Gutt esou: elo musst dir iech nach just fir d‘Randonnée (déi natierlech gratis ass) umellen – just fir de Fall dat ee verluer geet, an et kengem opfält – an dat ënnert der Telefonsnummer (+352) 621 755 478. Wanterkleedung an uerdentlecht Schongwierk si virgeschriwwen, esouwäit et eben néideg ass, dat bei den aktuelle Wiederkonditiounen ze betounen.

Related topics Animatioun, CIGL, Esch-Uelzecht, Grillen, Randonnée, Spiller
Next post Previous post