Search

You may also like

Generatioun Klima: Optakt vum Klima- an Energieplang
Kultur Neiegkeeten

Generatioun Klima: Optakt vum Klima- an Energieplang

Den 21. Mee 2019 sollt als wichteg Etapp am Entwécklungsprozess

UN-Riichter an der Tierkei veruertdeelt
Kultur Neiegkeeten

UN-Riichter an der Tierkei veruertdeelt

Déi tierkesch Justiz huet ee Riichter vum MICT (Mechanism for

Confinement: Esou vill Zäit, wéi nach ni am Internet verbruecht
Kultur Neiegkeeten

Confinement: Esou vill Zäit, wéi nach ni am Internet verbruecht

Enger Etüd vum STATEC no hunn 38% vun den Internetbenotzer

CinEast 2020: Trotz Erausfuerderungen eng erfollegräich Editioun

CinEast 2020: Trotz Erausfuerderungen eng erfollegräich Editioun

Wann een d’Ëmstänn an d’Aschränkungen an de Kinoen bedenkt, war déi 13. Hybrid-Editioun vum CinEast Filmfestival mat méi wéi 6.450 Participanten e grousse Succès. Mat méi wéi 110 Opféierungen huet an zéng Kinoen, sinn am Ganzen 3.150 Spectateuren an d’Säll gezunn ginn. Den Online-Deel, deen e Sonndeg, den 8. November op en Enn gaangen ass, hat méi wéi 2.700 Opruffen.

Ausserdeem hunn iwwer 600 Leit un de speziellen Eventer vum Festival deelgeholl (ënner anerem Concerte vum Canarro, Branko Galoić Trio, Toldi Mike an HeFi Quartett) an e puer honnert Leit hunn d’Fotosausstellung “Planting the Future” am Neimënster besicht.

Déi zwou Websäite vum Festival – déi offiziell Websäit www.cineast.lu an de CinEast Online Cinema souwéi d’Online-Ticketkafplattform cineast.eventive.org – krute méi wéi 40.000 Visitten. D’Zuel vun de Leit déi d’Facebook Säit vum CinEast am A behalen hunn, huet 5.500 Abonnenten iwwerschratt (5.230 Likes).

De Festival huet 47 Featurefilmer a ronn 20 Kuerzfilmer aus 21 Länner vum fréiere kommunistesche Block presentéiert. D’Festivalorganisateure soen an dësem Kader all de Partner, Sponsoren, Journalisten a Fräiwëlleg Merci fir hir Zesummenaarbecht an Ënnerstëtzung.

A wien huet gewonnen?

Den Internationale Jury huet de grousse Präis un de Film Servants vum Ivan Ostrochovský (Slowakei / Rumänien / Tschechesch Rep. / Irland) verginn an de Special Jury Prize fir de Film Mare vum Andrea Štaka (Schwäiz) /Kroatien).

De Kritikerpräis, ausgezeechent vun der Pressejury, goung un de Film Stories from the Chestnut Woods vum Gregor Božič (Slowenien / Italien), wärend de Publikumspräis de Film Collective vum Alexander Nanau (Rumänien / Lëtzebuerg) erhalen huet.

A schlussendlech goufen d’Audience Awards fir déi bescht Kuerzfilmer ausgezeechent: Lake of Happiness vum Aliaksei Paluyan (Fiktioun, Wäissrussland / Däitschland / Spuenien), Way of Silvie vum Verica Pospíšilová Kordić (Animatioun, Tschechesch Rep.), And We Have One Heart vum Katarzyna Warzecha (Dokumentarfilm, Polen).

Déi International Jury bestoung aus dem Heleen Gerritsen, Direkter vum goEast Festival, Jani Thiltges, lëtzebuergesche Produzent, CEO vu Samsa Film, Boyd van Hoeij, Filmkritiker a President vum Selektiounscomité vum Film Fund Luxembourg, an Zoé Wittock, Belsche Regisseur, presidéiert vum polnesche Regisseur an Dréibuchauteur Tomasz Wasilewski. D’Pressejury war aus Yasemin Elçi (The Luxembourg Times), Elena Lazic (Cineuropa / Freelance) an António Raúl Reis (BOM DIA / Contacto).

Wat gëtt et nach?

Wat de karitative Projet vum Festival ugeet (Ënnerstëtzung fir eng Associatioun déi ënnerprivilegéierte Kanner zu Belgrad, Serbien hëlleft), goufe scho méi wéi 2.600 Euro gesammelt. De Projet geet weider mam Verkaf vu Fotoe vun der Ausstellung “Planting the Future”

Detailer vun de Filmer an Eventer souwéi Fotoe vum Festival sinn op der offizieller Websäit www.cineast.lu verfügbar.

De CinEast 2020 Festival gouf organiséiert vun der CinEast asbl an Zesummenaarbecht mat der Cinémathèque, dem Neimënster, dem Kinepolis Grupp, an Aneren. Haaptpartner waren Stad Lëtzebuerg, Kulturministère vu Lëtzebuerg, Filmfong Lëtzebuerg. Haaptsponsoren waren Docler Holding, Kulczyk Investments.

Related topics Aschränkungen, CinEast 2020, Ëmstänn, Expo, Filmer, Filmfestival, Hybrid-Editioun, Kino, neimënster, Planting the Future, Präisser, Succès, Visiteur
Next post Previous post