Search

You may also like

Editorial: Maskeflicht elo awer?
Neiegkeeten

Editorial: Maskeflicht elo awer?

Datt een a Krisenzäiten zuweilen och muss Entscheedungen zréckhuelen oder

Wéi a wou d‘Kommunikatioun fir de Naturschutz sënnvoll ass
Neiegkeeten

Wéi a wou d‘Kommunikatioun fir de Naturschutz sënnvoll ass

All Joer organiséieren d‘ASBL Natur an Ëmwelt, d‘Waasserwirtschaftsverwaltung, d‘Naturverwaltung an

Eis kleng Stied ze beliewen ass keng Klengegkeet
Neiegkeeten

Eis kleng Stied ze beliewen ass keng Klengegkeet

Wolz huet an der Läscht e richtege Publicity-Problem. Duerch de

De CinEast huet méi wéi 10.400 Persounen an de Kino gezunn

De CinEast huet méi wéi 10.400 Persounen an de Kino gezunn

Et war déi 11. Editioun vum Festival CinEast, ee Lëtzebuerger Filmfestival vun Zentraleuropa an dem Orient. D’Evenement, wat e Sonndeg zum Schluss koum, huet mat 8.100 Spectateuren an de Kinossäll an 1.700 Deelhueler un de speziellen Ereegnisser een immense Succès erlieft.

Donieft hunn méi wei 600 Schüler bei de Projektiounen an ausgewielte Lycéeën (Europaschoul Kierchbierg a Mamer, Lycée Technique des Arts et Metiers, Akerbauschoul Ettelbréck, International School Luxembourg) deel geholl, wat d’Gesamtzuel u Bedeelegten op 10.400 Persoune bréngt.

De Site www.cineast.lu konnt 23.000 Visitten zielen an d’Unzuel u Fans op Facebook ass mëttlerweil op iwwer 4.200 Leit. Ganz vill traditionell an elektronesch Medien am nationalen an internationale Beräich hunn d’Evenement ënnerstëtzt a freedeg begréisst.

Wärend 18 Deeg huet de Filmfestival 65 Spillfilmer an eng 50 Kuerzfilmer aus 20 verschiddene Länner, vum ehemolege kommunistesche Block, presentéiert. D’Organisateure bedanken sech bei alle Partner, Sponsore, Journalisten a Fräiwëllege fir hir Kollaboratioun an Ënnerstëtzung.

Déi komplett Siegerlëscht vum CinEast 2017

  • Grand Prix: One Day vum Zsófia Szilágyi
  • Spezielle Präis vum Jury: Winter Flies vum Olmo Omerzu
  • Kritikerpräis: Aga vum Milko Lazarov
  • Präis vum Publique: The Other Side Of Everything vum Mila Turajlic
  • Präis vum beschte Kuerzfilm: A Siege vum Isztván Kov´cs, The Box vum Dusan Kastelic, Vika vum Marta Iwanek a Christian Borys

Den internationale Jury huet aus folgende grousse Perséinlechkeete bestanen:

  • Bence Fliegauf, Realisateur a President vum Jury
  • Arta Dobroshi, Schauspillerin
  • Govinda Van Maele, Realisateur
  • Astrid Rood, Schauspillerin
  • Sergej Stanojkovski, Realisateur an Direkter vum Festival

De Jury vun der Press huet sech aus de Journaliste Claude Neu, Charlotte Wensierski a Loïc Millot zesumme gesat.

De karitative Projet vum Filmfestival, den d’Organisatioun Rusalya ënnerstëtzt, konnt duerch d’Beiträg an dem Verkaf vun de Fotoe bei der Ausstellung Identities schon 1.000 € sammelen. Och elo kann een nach divers Fotoe kafen (de Katalog kënnt demnächst online).

Alleguerten d’Traileren, Fotoen an Informatiounen zum Festival fannt Dir ënnert www.cineast.lu.

Related topics Festival CINÉAST, Film, Jury, Kino, Orient
Next post Previous post