Search

You may also like

FÉDUSE/Enseignement-CGFP: Iwwerhuelt endlech Verantwortung, éier et ze spéit ass!
Kultur Neiegkeeten

FÉDUSE/Enseignement-CGFP: Iwwerhuelt endlech Verantwortung, éier et ze spéit ass!

Här Minister: Stoppt d’Mäerchestonn! Iwwerhuelt endlech Verantwortung, éier et ze

money
Krunnewaasser am Restaurant?
Kultur Neiegkeeten

Krunnewaasser am Restaurant?

Et ass eng sécherlech gutt gemengte Petitioun, d‘Restaurateure per Gesetz

Déi Europäesch Gemeinschaft fir Kuel a Stol (CECA) feiert hir 70. Joer
Kultur Neiegkeeten

Déi Europäesch Gemeinschaft fir Kuel a Stol (CECA) feiert hir 70. Joer

De lëtzebuergeschen Aussen- an Europaminister Jean Asselborn huet via Videokonferenz

Et ass nees eng lass eng der Cinemathéik

Et ass nees eng lass eng der Cinemathéik

Zanter dem leschte Samschdeg huet d‘Cinemathéik an der Stad nees seng Diere fir de Public opgemaach. Et gëllen natierlech eppes méi streng Oplagen, well d‘Pandemie ass nach ëmmer aktuell. Dofir gëllt et sech eppes virzebereeden, an op d‘Reegelen anzestellen:

  • et gëllt generell Maskeflicht;
  • d‘Sëtzplaze ginn engem zougewisen: d‘Organisatioun gesäit vir eng Distanz tëscht de Leit an/oder Reservatiounsgruppe vun 2 Meter vir;
  • et kënne pro Virstellunge maximal 100 Persounen zougelooss ginn.

Allgemeng heescht, datt et eng Oweskeess gëtt an déi mécht 30 Minutte virum Ufank vum Film op. Hei géif ee sech iwwert d‘Bezuele mat der „Kaart“ freeën. Nach méi géif ee sech freeën, wann ee säin Ticket (dee jo dann och Reservatioun ass) am Internet géif kafen. Et gëtt geroden, wann dat méiglech ass, als Grupp d‘Ticketen zesummen ze bestellen. Uecht gedoen: nëmme Persounen aus engem Haushalt dierfen och beienaner sëtzen!

Cinemathéik

Dat mat der Mask/Buff dierft verstane gi sinn, mee Leit ginn och invitéiert, beim betriede vum Etablissement, gebrauch vun dem zur Verfügung gestallten Desinfektiounsmëttel ze halen. Et gëtt zudeem verséchert, datt besonnesch Virkéierunge geholl goufen, bezunn op d‘Botze vum Sall tëscht all de Virstellungen. Et gëtt och grousse Wäert drop geluecht, datt sech de Public un d‘Uweisunge vum Personal hält. Déi hunn och Äntwerten op är Froen.

Et gi keng Trailer a keng Reklamme gespillt, firwat een sollt mat Zäiten u sinn. De ganze Programm bis Enn vum Mount, dee kënnt dir iech hei ukucken an/oder eroflueden. D‘Redaktioun wënscht alle Frënn vun der grousser Leinwand vill Spaass. Passt op iech an déi aner op, dann ass séchergestallt, datt d‘Cinemathéik – wann och ënner Oplagen – iech an eis weiderhin empfänke kann.

Illustratioun: © Karen Zhao / unsplash

Related topics Cinemathéik, Covid19-Oplagen, grouss Leinwand, Kino, Kultur, Stad Lëtzebuerg
Next post Previous post