Search

You may also like

Eng universell medezinesch Ofsécherung fir jiddwereen!
Neiegkeeten

Eng universell medezinesch Ofsécherung fir jiddwereen!

Et ass eng Problematik, déi hei zu Lëtzebuerg just wéinege

Campagne fir d‘Sozialwahlen 2019: „A lass et geet!“
Neiegkeeten

Campagne fir d‘Sozialwahlen 2019: „A lass et geet!“

2019 ass op e neits e Wahljoer. Sozialwahlen an Europawahlen,

Reporter ouni Grenze besuergt ëm d‘Pressefräiheet an den Demokratien
Neiegkeeten

Reporter ouni Grenze besuergt ëm d‘Pressefräiheet an den Demokratien

Am Rapport vun 2018, huet sech d‘ONG Reporter ouni Grenzen

CIPA Nidderkuer: Eng onkamoud Situatioun

CIPA Nidderkuer: Eng onkamoud Situatioun

Fir déi eng ass de Covid19 just eng kleng Gripp, fir déi wou et erwëscht kann et, besonnesch am héijen Alter, den Dout bedeiten. A grad aus dësem Grond gouf entscheet déi eeler a vulnerabel als éischt ze impfen. Wéi et dann awer zu dëser héijer Mortalitéit am Altersheem „Um Lauterbann“ komme konnt? D‘Ministesch, den Direkter vun der Santé an de COO vu Servior mat Erklärungen.

Als éischt, erlaabt emol dierfe kloerzestellen, datt am CIPA Nidderkuer, wei iwwregens an allen Haiser am Land, all erdenklech Mesure geholl gouf, fir d‘Pensionnaire vun dësen Haiser maximal ze schützen. Mee de Coronavirus ass hannerlëschteg a fënnt iergendwéi ëmmer ee Wee. Wéi ass de Covid19 an de CIPA erakomm? Eng Fro déi sech esou wuel net méi wäert beäntwerte loossen.

Um LauterbannD‘Ministesch Corinne Cahen huet gëschter och confirméiert, datt een net wäert derlaanscht kommen, zumindest fir gewësse Beruffer/Secteuren iwwer eng Impfflicht nozedenken. Et géif allerdéngs Parteiiwwergräifend ganz ënnerschiddlech Usiichten. © Martine de Lagardère/moien.lu

Fir d‘Familljeministesch näischt wat een op déi liicht Schëller huele kann an dierf. Et géifen hannert all Stierffall eng Famill a Frënn stoen, erënnert d‘Corinne Cahen, an et sollt een och d‘Personal hei berécksiichtegen. E Personal dat oft eng „Bezéiung“ mam Resident ageet, wat jo ganz normal ass, well esou en Altersheem ass jo och eng grouss Liewensgemeinschaft. D‘Trauer ass allgéigewäerteg.

Nach ass Nidderkuer d‘Ausnam

Zanter dem Ufank vun der Pandemie, sinn 324 Residenten aus Alters- an/oder Fleegeheemer un de Folge vun der Covid19-Infektioun verstuerwen. Keen Haus wier verschount bliwwen, an nach ëmmer géif et Cluster a verschiddenen Haiser. Boufer, Ierpeldeng, Réiden, Rodange a Schëffleng hätten aktuell kleng Cluster. Hei wier et allerdéngs méiglech déi Infizéiert ze „isoléieren“.

Dat alles beäntwert nach net, wéi et méiglech ka sinn, datt zanter dem 17. Februar 22 Residente vum CIPA „Um Lauterbann“ verstuerwe sinn an nach emol iwwer 60 Persounen erkrankt sinn. D‘Haus zu Nidderkuer, dat schonn eppes am Alter ass, zielt 154 Better, a mëttlerweil si bis op ganz wéineg Ausnamen all d‘Residenten, mee och d‘Personal, geimpft. An et gëtt weider getest.

Um LauterbannDen operativen Direkter vu Servior, Raoul Vinandy, huet ganz detailléiert a verständlech iwwer d‘Situatioun am CIPA Nidderkuer geschwat a verséchert, datt alles wat méiglech war, och an dësem Haus ugewannt ginn ass. Et géif een hei och ganz enk mat der Sanitärinspektioun zesummeschaffen. © Martine de Lagardère/moien.lu

Op gëschter huet et nach 10 Infektiounsfäll ginn: bei siwe Persounen huet kaum oder guer Keng Symptomer, zwee Residente kréien am CIPA Sauerstoff an eng Persoun läit op der Intensivstatioun. Fir den „operativen Direkter“ vu Servior, Raoul Vinandy, ass dëse Virfall ee grousse Réckschlag, nodeems an hiren Haiser 80% vun de mam Covid19 infizéierte Residente konnte gerett ginn.

Wann dech de Virus zweemol trëfft

Fir den Direkter vun der Santé, Dr. Jean-Claude Schmit, ass et wichteg drop hinzeweisen, datt dës Haiser keng „geschlossen Anstalte“ sinn, d‘Heembewunner Rechter hunn a sech fräi beweegen dierfen. Dat a Verbindung mat „externe“ Leit, Aarbechter an/oder Prestataire, bréngt natierlech och ee Risk mat sech. Eng honnertprozenteg Sécherheet géif et net emol an der totaler Isolatioun

Den Dr. Jean-Claude Schmit huet och nach emol drop higewisen, datt et Fäll hat, wou Persounen déi schon emol Positiv waren, nach eng zweete Kéier infizéiert goufen. Dat awer hätt an éischter Linn domadder ze dinn, datt déi eeler Mënschen ab 65 net méi déi natierlech Immunitéit entwéckele wéi méi jonk Mënschen. Et wier awer erwisen, datt de Vaccin hei eng ganz grouss Hëllef ass.

Um LauterbannFir den Dr. Jean-Claude Schmit, Direkter vun der Santé, war et wichteg nach emol de Leit matzedeelen, datt seng Servicer a stännegem Kontakt mat de Bedreiwer stinn. Ob a wei wäit hei d‘Variante vum Covid19 eng Roll kënne gespillt hunn, léisst sech eréischt no den Etude soen. © Martine de Lagardère/moien.lu

Et kann een, bei allem Leed deen dëse besonnesche Fall begleet, nach festhalen datt d‘Zuel vun den Affer an der Proportioun zu den Infizéierten net „exzeptionell“ ass. Dat heescht net datt de Virfall dierft banaliséiert ginn, esou den Direkter vun der Santé. A wéi engem Mooss hei och d‘Variante vum Covid19 eng Roll gespillt hunn, gëtt zur Stonn vun den zoustännegen Autoritéiten analyséiert.

Foto: © Martine de Lagardère/moien.lu

Related topics CIPA Nidderkuer, Corinne Cahen, Dr. Jean-Claude Schmit, Raoul Vinandy, Servior, Um Lauterbann
Next post Previous post