Search

You may also like

Si sti fir méi Steiergerechtegkeet
Neiegkeeten

Si sti fir méi Steiergerechtegkeet

Et muss ee laange Samschdeg vir déi politesch Sensibilitéit ADR

Weider Verschlechterungen: Elo och Bloalgen zu Rëmerschen!
Neiegkeeten

Weider Verschlechterungen: Elo och Bloalgen zu Rëmerschen!

No der Rommwiss an dem Séi zu Wäisswampech konnt elo

UN-Sécherheetsrot: US-Veto géint den Text zum Schutz vun de Palestinenser
Neiegkeeten

UN-Sécherheetsrot: US-Veto géint den Text zum Schutz vun de Palestinenser

US-Ambassadrice bei der UNO, Nikki Haley, huet schonn um Donneschdeg

D’Cité Bibliothéik feiert 10 Joer

D’Cité Bibliothéik feiert 10 Joer

Zum 10te Gebuertsdag vun der Cité Bibliothéik huet de Schäfferot dat neit Wierk „Particles“ vum Michèle Tonteling ageweiht an déi moderniséiert Säll besicht.

Eng nei kënschtleresch Dekoratioun

Ab elo kann een an der Bibliothéik bei den Haapttraapen d’Konschtwierk mam Numm „Particles“ vum Michèle Tonteling bewonneren. D’Wierk besteet aus Ofdréck vu Kierperdeeler, déi zesummen ee Mosaik erginn. D’Bibliothéik bitt als Kräizung vun der Konscht, de Buschtawen an der Kultur dat perfekt Ëmfeld.

Zou dësem Konschtwierk geselle sech dann och beweeglech Panneauen an de Faarwe vu „multiplicity“ an de Fënsteren zur Rue Genistre hin. Domat erhéijen d’Panneauen Erkennung vum Gebai, andeems un déi visuell Identitéit vun der Stad Lëtzebuerg erënnert gëtt, an si projezéiere faarwegt Liicht am Banneraum vun der Bibliothéik.

Bibliotheik

© Phototheke VDL

Méi grouss Liessäll

An de leschte Woche goufe wichteg Renovatiouns- an Sanéierungsaarbechte virgeholl. Sou ass hei nei ugestrach an een neie Buedem verluecht ginn. Wéinst steigender Zuel vu Clienten ass dann och de Liessall vergréissert ginn. De Rez-de-Chaussée zielt elo 10 Platze fir ze schaffen an 5 Platze mat Internetaccès. Um Niveau -2 ass Zuel u Schaffplazen op 25 geklomme.

Den 10 Gebuertsdag feiere mam Tuffi

Fir dëse ronne Gebuertsdag esou richteg ze feieren invitéiert d’Bibliothéik zesumme mam Maskottchen Tuffi, d’Kanner an hir Elteren un enger Rei Animatiounen, Atelieren a Spektakele ronderëm d’Buch deel ze huelen. Gefeiert gëtt den 29. September tëschent 10:00 a 17:00 Auer.

Um Programm steet:

  • 10:00 Auer: Kolja a Galina – Wa Kuebe reesen, ee musikelsche Spektakel vum Dany Gales
  • 10:00 – 12:00 Auer: Des Lits de rêve, Atelier fir Papeiermaquetten vum Florence Doléac
  • 11:00 Auer: De Flöck, Liesung mam Mady Durer
  • 14:00 Auer: D’Maus Kätti, Spektakel mam Toile Si-Re
  • 14:00-16:00 Auer: Manga Workshop mam Sabrina Kaufmann
  • 14:00-17:00 Auer: Atelier zur Kreatioun vu Lieszeeche mam Julie Conrad
  • 15:00 Auer: Liesungen op lëtzebuergesch, mam Luc Marteling
  • 16:00 Auer: Gebuertsdagskuch
  • 16:30 Auer: Zaubershow mam Zauberer PaSCal
  • Dauerhaft: Facepainting, Tuffi-Eck, Informatiounsstänn

Praktesch Informatiounen:

Related topics Bibliothéik, Cité Cercle, Gebuertsdag, Kuch, Tuffi
Next post Previous post