Search

You may also like

money
D’Shoppingstad Lëtzebuerg entwéckelt sech weider
Neiegkeeten

D’Shoppingstad Lëtzebuerg entwéckelt sech weider

Leschten Donneschdeg huet de Stater Schäfferot d’Etüd iwwert den Handel

De CGFP-Nationalvirstand riicht en Appell un d‘Regierung
Neiegkeeten

De CGFP-Nationalvirstand riicht en Appell un d‘Regierung

A senger éischter Sëtzung zanter dem Lockdown, huet de CGFP-Nationalvirstand

Maach däin Antigen-Schnelltest an der Apdikt
Neiegkeeten

Maach däin Antigen-Schnelltest an der Apdikt

Entspriechend dem leschte Stand, bezunn op d‘Kommunikatiounsfreedegkeet vun der Santé,

Fir de Klima, fir d‘Zukunft

Ee Marsch fir de Klima an déi demokratescht Citoyennetéit: „Citizens Unite For Change“ (Now!)

Datt et am Kontext vun der Pandemie net einfach war, an der Ëffentlechkeet seng Fuerderungen ze verbreeden, firwat sech villes an de virtuelle Raum verlagert huet, dat ass dat eent. Datt de Kampf net eriwwer ass, an sech eppes doe sollt, ass dat anert.

Fir elo eppes ze veränneren huet ënnerschiddlech Mëttel. D‘Industrie an d‘Politik bedéngen sech dem Geld fir d‘Leit op d‘A ze drécken, déi jonk Aktivisten an erwuesse Mënsche mat Wäitsiicht a Verstand versichen et mat Fakten a Protest. Déi als „nei Hippie-Generatioun“ ze verklären, just wëll si net gewëllt sinn dem selbstmäerderesche Konsum ze verfalen, ass esou bëlleg wéi déi sëllege verlugen Expertisen deier sinn. Dobäi géif et schonn duer goen den Egoismus ze kanaliséieren…

Datt Klimaproblematik weder nei nach eng Laun vun der Natur ass, datt ass wëssenschaftlech zanter gutt véier Joerzéngte bekannt an aktéiert. De Problem: Industrie a Wirtschaft sinn op de séieren, de kuerzfristege Profit aus. De Konsum muss stänneg gefërdert an alimentéiert ginn…

Mat dëser Astellung awer, esou d‘Manifestante gëschter, steiere mir mat oppenem Viséier direkt op d‘Katastroph zou. Et géif elo schonn net méi ouni drastesch, fir net ze soe krasse Mesure goen, de Schued a Grenzen ze halen. Jo de Schued ass längst ugeriicht a villes léist sech esou schonn net méi zum Gudde wennen. Politesch Absichtserklärungen si weder ziilféierend nach éierlech, et huet emol ze vill ganz privat Interessen. Et geet ee vir fir de Bierger anzestoen, mee et ass een awer Lobbyist.

Si – d‘Politiker – si sech eens, datt d‘Klimakris mindestens esou bedreelech ass wéi d‘Pandemie, bei där och versot gouf, natierlech nees aus wirtschaftlechen Iwwerleeungen eraus. Si wëssen a betoune selwer, datt et presséiert. Si versichen iwwer den gréngen Deal an Taxen, dem Problem mat Geld entgéintzewierken. Dat kann sech net opgoen, net ouni de gesellschaftleche Wandel, net ouni d‘Erkenntnis, datt manner Konsum méi Nohaltegkeet bedeit. Jo et wäert muss Verzicht geüübt ginn.

Mee wéi erkläert een et dëser „Gesellschaft“ wann d‘Politik stänneg d‘Interesse vun Industrie a Wirtschaft verdeedegt? Wéi mécht ee beispillsweis engem Bänker verständlech, datt hien trotz sengen dausenden Euro Pai gutt berode wier den ëffentlechen Transport oder de Vëlo ze benotzen?

Ob en „Tour duerch d‘Stad“ vu gutt 200 bis 250 engagéierte Mënschen duer geet? Wuel net, firwat et dëser Aktioune wuel méi wäert brauchen. Dann hoffentlech och nees mat eppes méi Jugend, déi gëschter „entschëllegt“ gefeelt huet. D‘Kids mussen sech op den Exame virbereeden, dee jo och aus Grënn, nees zur Erausfuerderung gëtt. De „Senioren“ kann ee just un d‘Häerz leeën endlech de Fakte Rechnung ze droen an sech unzeschléissen, wann d‘Politik net an der Lag ass aktiv ze ginn.

Foto: © Martine de Lagardère / moien.lu

Related topics Citizens Unite for Change, Demokratie, Klimakris, Klimawandel, Protest
Next post Previous post