Search

You may also like

Nei bei Hydre Editions: Die Mutationen
Neiegkeeten

Nei bei Hydre Editions: Die Mutationen

Die Mutationen vum Francis Kirps: Dat si siwe Geschichten an

Demonstréieren oder net Demonstréieren?
Neiegkeeten

Demonstréieren oder net Demonstréieren?

Am Horesca-Secteur ass ee sech wuel eens, datt d‘Fermeture de

Ka Frankräich d‘Kris vun de Reformen iwwerwannen?
Neiegkeeten

Ka Frankräich d‘Kris vun de Reformen iwwerwannen?

Eigentlech wollt de franséische President schonn déi lescht Woch seng

City Nature Challenge – Vum 24. bis zum 27. Abrëll 2020

City Nature Challenge – Vum 24. bis zum 27. Abrëll 2020

Bei der sougenannter City Nature Challenge entdecken 200 Stied an der ganzer Welt d’Biodiversitéit am urbane Raum. Och Dir kënnt matmaachen, andeems Dir vun Doheem aus déi verschidden Aarten beobacht a se op iNaturalist androt.

Wann Dir an der Gemeng vun der Stad Lëtzebuerg oder enger direkt ugrenzender Gemeng wunnt, da kënnt och Dir bei der City Nature Challenge 2020 deelhuelen. Vum 24. bis de 27. Abrëll geet et dorëm, vun Iech Doheem, aus Ärem Gaart eraus oder vum Balcon aus Planzen an/oder wëll Déieren ze fannen.

Mat der noutwenneger Distanz – et wëll een d’Gedéiesch jo net erféieren – sollt Dir uschléissend eng Foto maachen a se op der Applikatioun iNaturalist (Android an iOS) eroplueden.

City Nature Challenge

Duerch déi aktuell Pandemie gëtt d’CNC 2020 net zum Concours, mee de kollaborative Charakter kënnt an de Virdergrond. T’muss een net wäit lafen, fir Natur ze erliewen a vläicht entdeckt och Dir esou de Räichtum an d’Diversitéit u Planzen an Déieren um eegenen Terrain.

Ganz einfach ze fanne sinn ënnert anerem Spannen an Insekten, Champignonen oder och Vullen.

Am leschte Joer huet Lëtzebuerg eng éischt Kéier um CNC deelgeholl. D’Resultater fannt Dir HEI. Weider Informatioune ginn et op www.citynaturechallenge.org, um Flyer oder beim Naturmusée.

Related topics Biodiversitéit, City Nature Challenge 2020, Déieren, Doheem, iNaturalist, Naturmusée, Pandemie, Planzen, Stad Lëtzebuerg
Next post Previous post