Search

You may also like

Covid19: Ob emol gëtt sech Gedanke gemaach
Stories

Covid19: Ob emol gëtt sech Gedanke gemaach

Well et net kann domadder gedoe sinn, datt sech just

Déi ierfgroussherzoglech Koppel zu Besuch am Caritas Fairness Center
Stories

Déi ierfgroussherzoglech Koppel zu Besuch am Caritas Fairness Center

LL.AA.RR. den Ierfgroussherzog Guillaume an d’Ierfgroussherzogin Stéphanie hu gëschter den

What the Fakt – De Weltdag vun de Mierer
Stories

What the Fakt – De Weltdag vun de Mierer

Den haitegen 8. Juni steet ganz am Zeeche vun eise

Schwindelfräi? Da loosst iech des Vue net entgoen!

Schwindelfräi? Da loosst iech des Vue net entgoen!

Den am Joer 2013 gebauten City Skyliner huet fir déi alleréischt Kéier säin Wee op Lëtzebuerg fonnt. No Stied wei Essen, Bréissel, Wien oder Stockholm steet den Cityskyliner säit dem 28. Juni an der Stad. D’Kabinn vum City Skyliner bitt engen Ronn 60 Leit Méiglechkeet Stad vun uewen ze betruechten an soll virun allem Touristen aus dem Grand-Duché unzéien.

Fakten:

  • Gesamthéicht: 81 Meter
  • Maximalhéicht vun der Aussiichtsplattform:  72 Meter
  • 360° Panoramabléck
  • klimatiséierte Kabinn mat Barrièrëfräiheet
  • nohalteg Technik mat geréngem Stroumverbrauch
  • gerénge Kaméidi
  • weit siichtbar LED-Videowand un der Spëtzt vum Tuerm
  • Flexibel asetzbar duerch geréngen Platzbedarf, kuerz Opbauzäit an geréng Buedembelaaschtung
  • Baujoer 2013

Den City Skyliner ass domadder deen héchsten an modernsten mobillen Aussiichtstuerm vun der Welt. Bitt esou och fir Kléng an Grouss en eemolegt Erliefnis mat enger Panormaaussiicht vun bis zu 29 Kilometer – wann Wierder matspillt – eng Erfarung déi eis fënnef Sënner usprécht.

Duerch déi 360 Grad Aussiicht iwwert déi ganz Stad – vum Garer Quartier bis hin zur Uewer Stad an dem Kierchbierg – kann een dann och mol puer Detailer vun Haiser entdecken déi een soss net gesäit. Wann Aussiichtsplattform d’Maximalhéicht erreecht huet huet een esou eng wonnerschéin Aussiicht vum City Skyliner aus.

Och wann den City Skyliner virun allem Touristen unzitt ass et awer net verbueden selwer eng kéier Stad vun uewen ze bewonneren – och wann een mengt et géif een Stad auswenneg kennen an se wier dach sou langweileg.

A fir déi Leit déi sech net erop trauen, respektiv net schwindelfräi sinn bitt den City Skyliner eng flott alternativ – hier Skyliner Bar an den Sky Village.

Fir all déi Leit déi nach keng Geleeënheet haten – en steet nach bis den 6. August bei der Gëlle Fra.

http://www.cityskyliner.com

 

Related topics City Skyliner, Stad Lëtzebuerg
Next post Previous post