Search

You may also like

ING Night Marathon: Et gëtt weider gefeiert
Neiegkeeten

ING Night Marathon: Et gëtt weider gefeiert

An dësem Joer feiert den ING Night Marathon säi 15.

Cargolux: Gewerkschafte fuerderen no Rekordresultat e signifikativ verbesserte Kollektivvertrag.
Neiegkeeten

Cargolux: Gewerkschafte fuerderen no Rekordresultat e signifikativ verbesserte Kollektivvertrag.

D’Cargolux erwirtschaft am Geschäftsjoer 2018 e Rekordgewënn no Steieren an

Doudeger, jee no Zenario emol méi, emol manner
Neiegkeeten

Doudeger, jee no Zenario emol méi, emol manner

Um Méindeg war de Premierminister nom Regierungsrot an der Chamber,

cityshopping.lu: Säin Akafserliefnis an der Stad Lëtzebuerg einfach plangen

cityshopping.lu: Säin Akafserliefnis an der Stad Lëtzebuerg einfach plangen

Freedeg hunn d’Stad Lëtzebuerg an d’Union Commerciale de la Ville de Luxembourg (UCVL) d’Plattform cityshopping.lu an hirem neien Design presentéiert. Déi digital Vitrinn luet op en Akafserliefnis am Häerz vum Groussherzogtum an.

Jo, d’Säit existéiert schonn zënter 2009, an awer war et elo un der Zäit sech mat enger neier visueller Identitéit, moderne Funktiounen an erweiderten Offeren un d’Besoine vu sengen Notzer unzepassen. Dobäi geet een net nëmmen op d’Residenten a Visiteuren, mee och op d’Interesse vun de Verkeefer an.

Dem opmierksame Säiten-Notzer wäerte virun allem déi lieweg Faarwen an d’Dynamik opfalen. En anert Haaptamierk soll den „i“ sinn, deen net nëmmen bei cityshopping zwee Mol vertrueden ass, mee virun allem fir d’Haaptmissioun stoe soll: informéieren.

D’Plattform ass a véier Sproochen (Franséisch, Däitsch, Englesch a Chinesesch) verfügbar, woubäi eis opgefall ass, datt egal wat een elo auswielt, ëmmer nees op franséisch Titelen an Artikelen verwise gëtt. Domat kann den Notzer, deen der franséischer Sprooch net mächteg ass, net vill ufänken, mee konstruktiv Kritik ass jo dofir do, sech ze verbesseren.

cityshopping.lu

Wéi kënnt ee bis an d’Stad, wou kann ee parken a wou kréien ech op der Plaz nëtzlech Informatiounen? Wat gëtt et un Neiegkeeten an Evenementer? All dës Froen an nach méi ass op cityshopping.lu zesummegefaasst.

Besonnesch iwwersiichtlech erweist sech d’Ënnerdeelung a Kategorien vun de Geschäfter: Am Beräich vun der Schéinheet a Gesondheet ginn 161 Geschäfter opgegraff, bei der Moud an Accessoire sinn et der 187 Stéck. Wärend een am Beräich Wunnen a Fräizäit 148 Butteker presentéiert ginn, sinn et der bei de Liewensmëttel a Feinkost 124 Geschäfter. Ma, och d’Hoteller, Restauranten a Caféë komme mat 398 Offeren op kee Fall ze kuerz.

An dësem Kader sollt erkläert ginn, datt d’Plattform sech ëmmer weider ergänze soll. Geschäftsleit kënnen sech ganz gären androe loossen, och wa si net Member vun der UCVL sinn. Weider Informatiounen, wéi dat ofleeft, ginn et op commerce.vdl.lu.

Ëffnungszäiten, Heemliwwerung, Bezuelméiglechkeeten,… wat wëllt Dir wëssen?

Iwwert e puer Klicks kritt den Notzer divers Renseignementer zum jeeweilege Geschäft. Dozou gehéieren net nëmmen d’Ëffnungszäiten, d’Offeren an de Standuert, mee beispillsweis och weider Detailer ob d’Raimlechkeete Rollstullgerecht sinn, ob et Wifi gëtt oder och wéi eng Bezuelméiglechkeeten et ginn.

cityshopping.lu soll sech an Zukunft zu enger staarker Plattform entwéckelen, déi schnell an zouverlässeg genee déi Informatiounen erausspäizt, déi een sicht.

Elo kënnt een awer och hei net ronderëm, op déi sanitär Kris zeréckzekommen. D’Säit gehéiert nämlech zu deene Moossnamen, déi d’Stad Lëtzebuerg ergraff huet, fir seng Geschäftsleit ze ënnerstëtzen an hinne Visibilitéit ze bidden. Zousätzlech dozou si 4 Milliounen Euro a Form vu Subsiden verdeelt ginn, sou wéi zousätzlech 1,086 Milliounen Euro fir d’Geschäfter, déi un der Aktioun vun den Akafsbongen deelgeholl hunn.

D’Käschte vun der Plattform cityshopping.lu belafe sech op 156.944 Euro (ttc).

Related topics Bezuelméiglechkeeten, Butteker, Café, cityshopping.lu, Geschäftsleit, Gesondheet, Informatiounen, Moud, Plattform, Schéinheet, Stad Lëtzebuerg, UCVL
Next post Previous post