Search

You may also like

USA: Coronavirus-Finanzhëllef per Dekret
Neiegkeeten

USA: Coronavirus-Finanzhëllef per Dekret

Nodeems d‘Verhandlunge mat den Demokraten am Kongress gescheitert sinn, huet

Cargolux bréngt 3000 Joer chinesesch Kultur an de Grand-Duché
Neiegkeeten

Cargolux bréngt 3000 Joer chinesesch Kultur an de Grand-Duché

Am Kontext vun engem kulturellen Austauschofkommes tëschent dem Henan Museum

US-Atom-U-Boot vun onbekanntem Objet am chinesesche Mier getraff
Neiegkeeten

US-Atom-U-Boot vun onbekanntem Objet am chinesesche Mier getraff

Een Atom-U-Boot gouf wärend enger internationaler Marineübung am chinesesche Mier

De Claude Meisch erkläert NEET de Krich

Konkret Mesuren sollen hëllefen

De Claude Meisch erkläert NEET de Krich

Den Educatiounsminister Claude Meisch (DP) huet den Dënschden d’Resultater vun enger Etüd virgeluecht, an dobäi e komplext Thema ugeschwat. Et geet ëm jonk Mënschen, d’Beschäftegung am allgemengen, an ëm d’Ausbildung an d’Léieren am Detail. D’Etude NEET (Not in Employement, Education or Training) ass zesumme mam Direkter vum SNJ, Georges Metz an der Coordinatrice vum IGSS virgestallt ginn.

Aus dëser Etüd geet dann ervir, datt Jonker, déi sech ausserhalb dem Aarbechtsmaart an all aner Formatioun-System befannen, eng besonnesch Opmierksamkeet brauchen. D’Etude hat d’Zil, de Phänomen „NEET“ ze beschreiwen a ze verstoen. Heibäi ass op verschidden administrativ Donnéeën zréckgegraff ginn, déi am Kader vun der Enquête bei jonke Betraffene vum SNJ realiséiert gouf. Eng Enquête awer déi an Zesummenaarbecht mam IGSS (Generalinspektioun vun der Securité Sociale) an dem LISER (Lëtzebuerger Institut fir sozio-ekonomesch Recherchen) realiséiert a vum „Fond Social Européen“ matbezuelt ginn ass.

Wou de Problem läit

Am Géigesaz zu de Fuerschungsaarbechten a Relatioun mam NEET, huet d’Etüd och d’Ursaachen an d’Persistenz vum Phänomen berécksiichtegt. Et gouf festgestallt, datt ee grousse Problem an der Gesellschaft sech breet mécht. Och sinn d’Situatiounen, déi hei entsti ganz verschidden. Dat esouwuel wat d’Precaritéit ugeet, mee och d’Vulnerabilitéit.

Aus enger globaler Siicht muss een ënnerscheeden tëscht zäitlech begrenzte Schwieregkeeten, déi sech am allgemengen ouni d’Agräife vun der ëffentlecher Hand vum selwe léisen; a méi bedréckend Forme vun Ausgrenzung, déi sech op laang Siicht halen an deene jonke Mënschen d’Chancen zur gesellschaftlecher Integratioun huelen.

Eng ganz Rei vu Charakteristiken si berécksiichtegt gi, fir d’Ursaache vum Problem kënnen ze erkennen a Mesuren dogéint ze ergräifen. Dorënner dat soziaalt-Ëmfeld, sech ofgrenzend Verhalensmuster, verschidden Niveau’en vu materieller a finanzieller Aarmut an gesondheetlech Problemer. Wichteg ass et, eng individualiséiert Hëllef unzebidden.

An der Etüd ass sech dann och eppes méi konkret dem Problem vum Schoulofbroch zougewennt ginn. Hei hu sech wuel net direkt Léisungen erginn, mee d’Ursaachen, déi fir dës Situatioun verantwortlech sinn, konnte gréisstendeels erkannt ginn. Dozou gehéiere schlecht kognitiv Kapassitéiten a Problemer an der Famill, mee och eng schlecht Stëmmung an der Schoul selwer, grad wéi eng net gewollte schoulesch Orientéierung.

Léisungsusätz

De Claude Meisch wëll dem Schoulofbroch de Kampf unzesoen, andeems de Schoulklima verbessert gëtt. Dat wëll en mat engem Suivi am psycho-soziale Beräich verbannen. Am Plang vun der Regierung stinn dann nach 350 nei Plazen, déi an de nächste Joren ze besetze sinn. Fir de vulnerabelsten eng méiglechst konkret Hëllef zu bidden, sollen dann och verschidde Servicer personell verstäerkt ginn. Dat sinn an dësem Fall den SNJ, de sozio-edukativen Zenter vu Dräibur an déi staatlech Kannerheemer.

Da sollen och nach aacht Kompetenzzentren, spezialiséiert a Psycho-Pedagogik, eng besser prise en charge hierstellen. Dës sollen den Defiziter, déi am Verlaf vun der Schoulzäit festgestallt gi, besser entgéint wierken.

Esou soll dann och d’Zesummenaarbecht tëscht Schoul- an ausser schouleschem Beräich, besonnesch an der Transitiounsphas zum aktive Liewen, duerch d’Integratioun vun der ALJ (Lokal Aktioun fir Jonker) bannent dem SNJ, verstäerkt ginn. An Zukunft sinn déi lokal Antenne vun der ALJ fir déi Jonk ee „Guichet unique“ an deem all Hëllefsmesüren ugebuede musse ginn. Am Secondaire kréien dann d’Aktivitéiten ausserhalb vun der Schoul ee méi grousst Gewiicht fir den Encadrement vun de jonke Leit während hiren Etudë gläichfalls ze verstäerken.

Related topics Claude Meisch, Educatioun, Lëtzebuerg
Next post Previous post