Search

You may also like

Premier verleet d‘Heure de Vérité
Neiegkeeten

Premier verleet d‘Heure de Vérité

Eise Premier ass wuel ee lëschtege Kadett, mee zesumme mat

Attentäter vu Christchurch plädéiert: „Net Schëlleg“
Neiegkeeten

Attentäter vu Christchurch plädéiert: „Net Schëlleg“

De Brendon Tarrant war schwéier bewaffent an zwou Moscheeën zu

Direktiounsekipp vum CHEM steet
Neiegkeeten

Direktiounsekipp vum CHEM steet

Um Dënschdeg hunn de Verwaltungsrotspresident vum Spidol Emil Mayrisch (CHEM),

Minister Claude Turmes positiv op Covid-19 getest ginn

Minister Claude Turmes positiv op Covid-19 getest ginn

De Ministère fir Energie a Minister fir Landesplanung huet d’Nouvelle un d’Press geschéckt, gläichzäiteg huet de Minister Claude Turmes selwer op de soziale Medie matgedeelt, datt hien positiv op Covid-19 getest ginn ass. D’Resultat koum haut, nodeems hie sech en Dënschdeg teste gelooss huet.

Esou heescht et: „De Minister hat sech eng éischte Kéier e Freiden de 25. September teste gelooss, nodeems hie gewuer ginn ass, datt eng Persoun, mat där hien a längerem Kontakt war, sech mam Corona-Virus infizéiert huet. Dësen éischten Test war negativ ausgefall, mee de Claude Turmes huet sech direkt doheem an eng präventiv Quarantaine beginn, sou wéi dat vun den Autoritéite virgesinn ass. Véier Deeg méi spéit ass den Test du positiv ausgefall. Well hien du schonn a Quarantaine war, besteet der Santé no kee Risiko datt hien aner Persounen ugestach huet.“

De Minister weist keng Symptomer op a fillt sech gutt. Nach bis den 8. Oktober muss hien an Isolatioun bleiwen, profitéiert awer an dësem Kader dovun, nach e Message lasszeginn:“Ech wëll dovu profitéieren, fir den zoustännegen Autoritéiten an och dem Fleegepersonal Merci ze soen. Dank dem professionellen Encadrement an de präzise Recommandatioune kënnen hei zu Lëtzebuerg vill Infektiounskette séier ënnerbrach ginn“, sou de Claude Turmes.

Claude Turmes / Facebook

Related topics Claude Turmes, Contact Tracing, Covid-19-Test, Covid19, Energieminister, Infektiounsketten, Kontakt, Quarantaine, Resultat, Symptomer
Next post Previous post