Search

You may also like

Brexit: Boris Johnson am Clinch mam Parlament
Meenung Neiegkeeten

Brexit: Boris Johnson am Clinch mam Parlament

Nach ass dem Donald Trump säi Protegé net Premierminister vu

D‘Leit ginn nees bei den Dokter… oder och net
Meenung Neiegkeeten

D‘Leit ginn nees bei den Dokter… oder och net

Am Kontext vun der sanitärer Kris, ausgeléist duerch de Coronavirus

Do huet nees een net alles verstanen (Kommentar)
Meenung Neiegkeeten

Do huet nees een net alles verstanen (Kommentar)

Dem Ausseminister Jean Asselborn (LSAP) seng kritesch Siicht op de

Editorial: Ee Mann bereet sech vir

Editorial: Ee Mann bereet sech vir

Ass de CSV-Deputéierte Claude Wiseler de bessere Mann un der Spëtzt vun der Vollekspartei? Dat ass d‘Kinneksfro déi de 24. Abrëll um CSV-Kongress muss enger Äntwert zougefouert ginn. Nach bis ee Freideg kënnen sech weider Kandidate mellen, mee bis dohinner huet sech de Politiker emol virgeholl seng Truppen opzestellen an d‘Frënn an Ënnerstëtzer ëm sech ze versammelen.

Datt de Claude Wiseler elo gëschter seng Kandidatur offizialiséiert huet, dierft bannent der Partei wuel vun enger grousse Majoritéit begréisst gi sinn. No der vun der CSV-Fraktioun ageleete Klo géint de mëttlerweil zeréckgetruedene President Frank Engel, ass et wichteg, datt ee sech nees mat der Politik an de Mënschen ausenanersetzt. Mee ass de Wiseler der Erausfuerderung gewuess?

Esou eppes léisst sech net mat absolutter Gewëssheet behaapten, woubäi et eng Rei Usätz huet, déi deem géifen zouspriechen. Hie sot selwer, datt et wichteg ass eng Ekipp mat ënnerschiddleche Profiller zesummenzestellen, wëll eng Vollekspartei sech nëmmen duerch ee breede Spektrum vu Charakteren an der Gesellschaft behaapte kann. Dat kléngt no „konsensueller Sträitkultur“.

Wichteg awer dierft et sinn, ee Mann (oder eng Fra) un der Spëtzt vun der CSV ze hunn, deem et engersäits geléngt d‘Partei nees eppes aus dem Fokus vun der Ëffentlechkeet ze huelen, an intern d‘Divergenzen an Aarbechtsgruppen anzebréngen, fir viabel Léisungen ze fannen. Natierelch muss et eng politesch Figur sinn, déi d‘Partei 2023 ënnert beschte Viraussetzungen an d‘Wale féiert.

All dëst kann de Claude Wiseler, och wann hien emol ugedeit huet net als CSV-Spëtzekandidat an dës Chamberwale goen ze wëllen. Dat wier eng gutt Entscheedung, zemools een sollt unerkennen, datt d‘Fraktiounspresidentin Martine Hansen och eng Markant politesch Persoun ass, an duerchaus als Premier gehandelt soll ginn. Gutt bis dohinner ass nach en Ament, elo emol de Kongress…

Foto: © Chambre des Députés /flickr

Related topics Claude Wiseler, CSV, CSV-Fraktioun, CSV-Kongress, Neiufank
Next post Previous post