Search

You may also like

Polen: Modelleisebunnsaustellung zu Krakau
Business Neiegkeeten

Polen: Modelleisebunnsaustellung zu Krakau

De leschte Weekend (2. an 3. Februar) huet zu Krakau

Reform vun der Ausbildung vun den Gesondheetsberuffer: Gebastelts à la sauce luxembourgeoise…!
Business Neiegkeeten

Reform vun der Ausbildung vun den Gesondheetsberuffer: Gebastelts à la sauce luxembourgeoise…!

D’ALEPS, d’Association Luxembourgeoise des Enseignants Pour Professions de Santé asbl,

AiLaike Handmade Iced Tea – Frësche Wand fir d’Geschmacksknospen!
Business Neiegkeeten

AiLaike Handmade Iced Tea – Frësche Wand fir d’Geschmacksknospen!

Am Joer 2011 war et den Nils Beierlein aus Mainz,

Sonndesaarbecht: CLC weist Virwërf zréck

Dat nodeems den OGBL der Handelskonfederatioun de schwaarze Péiter zougeschoustert hat...

Sonndesaarbecht: CLC weist Virwërf zréck

Nodeems et erwisenermoossen Handlungsbedarf am Kontext vun der reguléierter Sonndesaarbecht gëtt, wollten d‘Gewerkschaften sech mat der Handelskonfederatioun op eng Léisung verstännegen. Déi lescht Woch huet den OGBL da misse matdeelen, datt dës Verhandlungen ofgebrach goufen an sech drop konzentréiert gëtt, fir d‘Anhale vum Aarbechtsrecht Suerg ze droen.

An der Ausso vum OGBL, kritt d‘CLC zolidd Virwërf gemaach, an dat wëll déi net op sech sëtze loossen. Och si huet sech zu eng Stellungnam hiräisse gelooss, a weist déi vum OGBL getätegt Virwërf kategoresch zréck. Esou erkläert den CLC-Direkter Nicolas Henckes a sengem Schreiwes vum 6. Abrëll drop hinn, datt d‘Gespréicher wéinst den dogmatesche Positioune vum OGBL hu missen ofgebrach ginn. D‘CLC hätt et awer nach mat enger drëtter a leschter Propos versicht.

D‘Handelskonfederatioun bedauert, datt sech hei mat de Gewerkschaften net konnt arrangéiert ginn a rifft seng Leit (elo) op, déi bestoend Legislatioun strikt anzehalen. Dat net well d‘Gewerkschafte mat Aktioune gedreet hunn, mee well den Aarbechtsminister der Aarbechtsinspektioun (ITM) den Optrag ginn huet, de Respekt vun de Contrainte bei der Sonndesaarbecht iwwerwaachen. D‘CLC encouragéiert seng Membere verstäerkt Demande fir eng Derogatioun, beim Ministère anzereechen.

Illustratioun: Siwen Deeg op Siwen, 24 op 24 Stonnen… esou wéi den Handel am Internet méiglech ass sollt et och am „echte“ Liewe sinn. Fir datt sech dat opgeet, misst d‘Aarbechtsrecht reforméiert ginn. D‘Handelskonfederatioun an d‘Gewerkschafte missten sech dofir am Virfeld op d‘Grondlage vun der Reform eens ginn. © Tim Mossholder / unsplash

Related topics Aarbechtsrecht, CLC, Handelskonfederatioun, LCGB, OGBL, Sonndesaarbecht
Next post Previous post