Search

You may also like

surprise
No #metoo – Deneuve, Anzari a Konsequenzen
International Neiegkeeten

No #metoo – Deneuve, Anzari a Konsequenzen

Säit dem Harvey Weinstein Skandal, hu vill Léit sech zu

Syrien: Moskau uerdert eng Waffepaus an der Ghuta un
International Neiegkeeten

Syrien: Moskau uerdert eng Waffepaus an der Ghuta un

Russland, de Partner vum syresche Regimm, huet um Méindeg eng

Esch-Uelzecht: Ee Bus fir d‘Krapperten
International Neiegkeeten

Esch-Uelzecht: Ee Bus fir d‘Krapperten

Zanter dem 16. September 2019 gëtt et an der Minettemetropol

Climate Action Week – Vun Aktivitéite bis zum Klimastreik

De Programm vum 20. bis de 27. September 2019

Climate Action Week – Vun Aktivitéite bis zum Klimastreik

Haut de Moien huet Youth for Climate Luxembourg, zesumme mat Vertrieder vum OGBL an dem LCGB, sou wéi dem Votum Klima an Extinction Rebellion de Programm vun der sougenannter Week for Future oder och Climate Action Week, déi vum 20. bis de 27. September 2019 stattfënnt, presentéiert. Mat diversen Aktivitéiten, Atelieren, Ausstellungen an zwee Streike gëtt déi kommend Woch ganz an d’Zeeche vun der Klimakris an dem Schutz vun eiser Ëmwelt geluecht.

Am Ufank vum Summer huet Youth for Climate Lëtzebuerg sech un zuelräich ONG’en, Associatiounen a Syndikater geriicht, fir zesummen d’Bierger aus dem Grand-Duché ze informéieren, ze mobiliséieren an ze sensibiliséieren. Mëttlerweil hu sech 12 Strukturen – dorënner och Votum Klima, mat sengen 23 Organisatiounen – dem Mouvement ugeschloss an zesummen eng Aktiounswoch fir de Klima – Climate Action Week – organiséiert.

Scho säit Joren kämpfen Amnesty International, Extinction Rebellion, Foodsharing Luxembourg, de Landesverband, Laika, den LCGB, Move, den OGBL, Rise for Climate, Refill, de Votum Klima a Youth for Climate fir méi Klimagerechtegkeet an Nohaltegkeet. An et kann och net anescht fonctionnéieren, wéi am Zesummenhalt.

Climate Action Week

(v.l.n.r.) Frédéric Krier, OGBL; Zohra Barthelemy, YFCL; Natasha Lepage, YFCL; Carine Breuer, LCGB; Magali Paulus, Votum Klima; Raymond Aendekerk, Votum Klima; Nathalie Bintener, Extension Rebellion © Shari Pleimelding/moien.lu

De Programm vun der Climate Justice Week

  • Freides, den 20. September 2019
    Youth Strike for Climate um 11:00 Auer bei der Gare
    D’Lëtzebuerger Schüler ginn opgeruff, um 10:00 Auer d’Schoul ze verloossen, sou datt een zesumme vun der Stater Gare bis bei d’Kinnekswiss an den Zentrum trëppelt. Hei erwaart d’Jugend ënnert anerem Musek vu Stay Fou. Ganzer 3 Deeg virum UN Climate Actioun Summit zu New York soll weltwäit een Zeeche gesat ginn.
    Weider Informatioune ginn et HEI.
    Vernissage vum Landesverband um 18:30 am Casino Syndical
    Ageweit gëtt dem Ren Spautz, Jean-Claude Schaeffer a Fernand Schiltz seng Ausstellung „Aartevillfalt a Biodiversitéit“


  • Samschdes, den 21. September 2019
    Clean Up Day vun 10:00 bis 12:30 Auer zu Esch
    Weider Informatiounen HEI.• Plastic Attack vun 9:30 bis 12:30 Auer an all Supermarché
    Mir ginn all zesummen zur ausgemaachener Zäit an de Supermarché, kafen an wéi soss och ëmmer (déi meeschten Iesssaache sinn d’office meeschtens a Plastik agepaakt), mee des Kéier brénge mer eis öko-säck, Veggie-Bags, Tupperware-Deppecher, Glasbehälter etc. mat. Mir bezuelen an der Kees. Dono entleedege mer éis vun all den onnéidegen Emballagen an fëllen d’Saachen an eis Behälter an Tuten em. Dono gëtt den ganze Knascht an de Käddie geluet an erëm zeréck an de Supermarché gedroen. Des ganz Aktioun gëtt gefilmt an fotograféiert.
    Weider Informatiounen HEI.

    • Kockeldiko vun 14:00 bis 18:00 Auer op der Kockelscheier
    Zum 25. Gebuertsdag vum Haus vun der Natur gëtt d’Kockeldiko Fest organiséiert.
    Weider Informatioune ginn et HEI.


  • Sonndes, den 22. September 2019
    Kockeldiko vun 10:00 bis 18:00 Auer op der Kockelscheier
    Zum 25. Gebuertsdag vum Haus vun der Natur gëtt d’Kockeldiko Fest organiséiert.
    Weider Informatioune ginn et HEI.


  • Méindes, den 23. September 2019
    Divest from Fossil Fuels um 12:00 Auer an der Stad Lëtzebuerg
    D’Europäesch Investment Bank (EIB) plangt komplett mat der Investitioun a fossil Energien opzehalen. Leider hu vill privat Banken et hinnen nach net no gemaach. Dowéinst réckelen um Méinde vun der internationaler Klimaaktiounswoch déi dreckegst Banken an de Mëttelpunkt. Op dësem Dag wäert Extinction Rebellion Lëtzebuerg eng Filial vun de knaschtegste Banken zu Lëtzebuerg besiche fir si opzefuerdere Verantwortung ze iwwerhuelen!
    Sief Deel vun dëser Aktioun! Mir treffen eis beim Sprangbur tëschent der Bushaltestell Pescatore an dem Lift fir an de Pafendall de Méindeg den 23. September 2019 um 12:00.
    Weider Informatioune ginn et HEI.

  • Dënschdes, den 24. September 2019
    • Flower Power Action vu 15:00 bis 17:00 Auer op der Kinnekswiss
    Duerch sougenannt Seed Bombs sollt d’Stad Lëtzebuerg méi faarweg ginn. Mat e bëssi Chance wiisst aus dem Som déi eng oder aner Planz.
    Weider Informatiounen ginn et HEI.Vélorution vun 12:30 bis 15:00 Auer an der Stad Lëtzebuerg
    Bei dësem Evenement gëtt d’Roll vum Vëlo, als ekologescht Transportmëttel ervir gehuewen.
    Weider Informatioune ginn et HEI.

  • Mëttwochs, den 25. September 2019
    Konferenz zur Klimakris vun 20:00 bis 22:00 Auer am Hotel Parc Belle-Vue
    D’Konferenz „D’Klimakris an d’Enn vun der Ausriedegesellschaft“ hëlt d’Problematik vun der Klimakris méi genau ënnert d’Lupp.
    Weider Informatioune ginn et HEI.


  • Donneschdes, de 26. September 2019
    Spillowend vun 18:00 bis 22:00 Auer am CITIM
    Weider Informatioune ginn et HEI.


  • Freides, den 27. September 2019
    United for Climate Justice vu 15:00 bis 19:00 Auer
    Um 15:00 Auer gi Schüler, Studenten Erwuessener – einfach jiddwereen – opgeruff, sech op engem vun de 4 Punkten (Europaplaz, virum Jongelycée, um Campus Geesseknäppchen, bei der Stater Gare) ze treffen an zesummen an enger Manifestatioun bis bei d’Place Clairefontaine ze goen. Hei sollten sech all Gruppe géint 16:30 Auer zesumme fannen. Uschléissend gi Riede gehalen a Filmer gewisen.
    Weider Informatioune ginn et HEI.

    Climate Action Week

    Hei de Plang zum Streik © Youth for Climate Luxembourg


  • Samschdes, den 28. September 2019
    Citizens Assembly um 10:00 Auer am Jongelycée zu Lëtzebuerg
Climate Action Week

(v.l.n.r.) Frédéric Krier, OGBL; Zohra Barthelemy, YFCL; Natasha Lepage, YFCL © Shari Pleimelding/moien.lu

D’Jugend wëll gehéiert ginn!

Bei der Pressekonferenz am Oekozenter am Pafendall huet d’Natasha Lepage vu YFCL erkläert, datt och si matzeschwätzen hunn a gehéiert musse ginn. Si fuerderen, datt Lëtzebuerg bis 2030 seng Emissiounen op 0 bréngt. Donieft soll de Grand-Duché zu 100 % erneierbar Energien notzen, dat ab 2040. Mir missten awer och ophalen, Investissementer a fossil Brennstoffer ze leeën an déi global Steierflucht ze ënnerstëtzen.

Och d’Magali Paulus vu Votum Klima huet ervir gehuewen datt „mir eis net hannert eiser klenger Taille verstoppe kënnen.“ Lëtzebuerg huet weltwäit ee vun de schlëmmsten ekologesche Foussofdréck, wourënner virun allem Entwécklungslänner leiden. Déi ganz Gesellschaft muss zesummenhalen, fir eng Verbesserung ze erzilen.

Eng vun dräi Wellen

Op d’Fro hin, wat an Zukunft nach geplangt wier, koum vum Zohra Barthelemy ee breet Grinsen. Bei dëser Aktiounswoch handelt et sech nämlech ëm déi éischt vun am Ganzen dräi Wellen. Am Januar, wéi och am Fréijoer 2020 gi weider Aktiounen organiséiert, déi sech un eiser aller Verhale riichten. Et ass ee weiderhi motivéiert, sech fir eng liewenswäert Zukunft anzesetzen.

Opmaacherbild: © Youth for Climate Luxembourg

Related topics Climate Action Week, Extinction Rebellion, Klimastreik, LCGB, Nohaltegkeet, OGBL, United For Climate, Votum Klima, Youth For Climate Luxembourg
Next post Previous post