Politiker geréit a juristesch Turbulenzen an zitt d‘Handbrems
D‘Virwërf géint de gréngen Député-Maire vun Déifferdeng schéngen hir Berechtegung
Wéi d’Police matdeelt huet et och iwwert d’Feierdeeg am Land
Zesumme mam Stater Schäffen- a Gemengerot, sou wéi dem Dr. Romain Nati, Generaldirekter vum CHL an der Dr. Martine Goergen, medezinesch Direktesch beim CHL konnten déi ausgestallte Fotoen offiziell ageweit ginn. Gewise ginn verschiddenst Andréck, faarweg a monochrom, déi vun Dokteren aus dem CHL opgeholl gi sinn.
© VDL Fotothéik / Charles Soubry
Nieft hirer Aarbecht am Spidol weise si en Don an der Fotografie op, presentéieren duerch Opname vun Landschaften, Déieren, Zeenen aus de Stater Stroossen oder Ähnlechem, wat si interesséiert a wéi si d’Welt duerch d’Lëns gesinn.
Den Dr. Fernand Pauly erkläert, datt dës Variatioune vun den Usiichten a Bléckwénkel och an der Klinik nëtzlech sinn, esou zum Räichtum vum Beruff bäidroen. „De Medeziner, sou wéi de Fotograf, beherrscht säin Equipement mee ni säi Sujet: Hie geet lues virun an notz dobäi d’Viséier vum Apparat fir sech op dat Wesentlecht ze konzentréieren.“
Ausgestallt ginn d’Wierker vu folgende Medeziner:
Opmaacherfoto © VDL Fotothéik / Charles Soubry