Search

You may also like

Luxembourg Air Rescue: Keng politesch Grenzen an der Loftrettung
Kultur Neiegkeeten

Luxembourg Air Rescue: Keng politesch Grenzen an der Loftrettung

Zënter e Samschdeg ass d’Luxembourg Air Rescue (LAR), op Ufro

Gréng Luucht: 37 Milliarden Euro als Ënnerstëtzung vum EU-Parlament wärend der Coronakris
Kultur Neiegkeeten

Gréng Luucht: 37 Milliarden Euro als Ënnerstëtzung vum EU-Parlament wärend der Coronakris

En Donneschdeg huet d’EU-Parlament sech fir eng Unzuel vun Noutfallmoossnamen

Onroueg, mee waarm: De Summer 2017 am Réckbléck
Kultur Neiegkeeten

Onroueg, mee waarm: De Summer 2017 am Réckbléck

Relativ waarm, mat gutt vill Sonn awer liicht ze dréchen:

De Club 27 gëtt duerch eng kënschtlech Intelligenz erëm belieft

De Club 27 gëtt duerch eng kënschtlech Intelligenz erëm belieft

D’Associatioun „Over The Bridge“ huet d’Titel vu Kënschtler, déi am jonken Alter verstuerwe sinn, fir karitativ Zwecker op den neiste Stand bruecht.

De Club vun de 27 besteet aus Perséinlechkeeten, déi an der Bléi vun hirem Liewe verstuerwe sinn an huet domat un traureger Berühmtheet gewonnen. Well d’Titele vum Jimi Hendrix, Janis Joplin, Jim Morrison, Kurt Cobain oder dem Amy Winehouse nach ëmmer reegelméisseg gespillt ginn, wollt de Veräin „Over The Bridge“ aus Toronto dës Kënschtler an enger anerer Form nei beliewen.

Dobäi komponéiert e Programm fir kënstlech Intelligenz d’Lidder nei fir karitativ Zwecker. Dës Titele goufen am Kader vun engem Projet erstallt, fir d’Bedeitung vun der psychescher Gesondheet ervirzehiewen.

„Wat wier, wann all dës Museker, déi mir esou gär lauschteren, d’psychesch Gesondheet ënnerstëtze géingen?“ Déi Fro huet d’Websäit „Rolling Stone“ dem Sean O’Connor, administrative Member vun der Associatioun Over The Bridge, gestallt.

„Iergendwéi gëtt an der Museksindustrie d’Depressioun normaliséiert a romantiséiert … Hier Musek gëtt als authentescht Leed ugesinn.“

Club 27
losttapesofthe27club.com

Zwee Softwareprogrammer goufe verbonnen, fir dëst Resultat ze erzilen. Den Éischten huet sech mat der angeblecher Evolutioun vun der Musek vun de Verstuerwene beschäftegt. An den Zweeten huet d’Texter an engem Stil erstallt, deen no un déi ursprénglech Auteuren erukënnt. Dës Zesummestellung dréit den Titel „Lost Tapes Of The 27 Club“.

Fir d’Interpretatioun huet de Veräi stëmmlech Doppelgänger benotzt. Fir dat vum Nirvana inspiréierte Lidd „Drowned in the Sun“ gouf de Kurt Cobain vum Eric Hogan, dem Leader vun der Grupp „Nevermind“ interpretéiert. Dëst ass eng Tributband vu Nirvana.

Déi gesammelt Suen ginn benotzt, fir Membere vun der Museksindustrie, déi u psychesche Krankheete leiden, duerch Workshoppen a Videokonferenzen ze hëllefen.

Zesumme mat mental.lu

Opmaacherbild: Collage aus dem Cover vu “Lost Tapes of the 27 Club” an engem Graffiti vum Jonathan Kis-Lev zu Tel-Aviv © Psychology Forever (CC BY-SA 4.0)

Related topics Amy Winehouse, Club 27, Depressioun, Janis Joplin, Jim Morrison, Jimi Hendrix, Kënschtlech Intelligent, Kurt Cobain, Mental Gesondheet, Over The Bridge
Next post Previous post