Search

You may also like

De Stress mam Busverkéier um Kierchbierg soll manner ginn
Kultur Neiegkeeten

De Stress mam Busverkéier um Kierchbierg soll manner ginn

Wéi et aus dem Nohaltegkeetsministère heescht, ass ee sech de

Et geet dem Felix Braz besser
Kultur Neiegkeeten

Et geet dem Felix Braz besser

An engem Interview mam Staatssender (RTL/Bertelsmann) huet de Minister François

surprise
Fräi Tribün: Cannabis – E Kaddo fir déi Jonk?
Kultur Neiegkeeten

Fräi Tribün: Cannabis – E Kaddo fir déi Jonk?

Et steet ausser Fro, datt déi geplangte Legaliséierung vum Cannabis

CMDH: Dës Evenementer a Projeten kéinten Iech interesséieren!

CMDH: Dës Evenementer a Projeten kéinten Iech interesséieren!

Déi nächst temporär Ausstellung vum Lëtzebuerger Dokumentatiounszentrum vun der Migratioun CDMH léisst nach e Moment op sech waarden. Duerch d’Covid Pandemie wäert se eréischt am September sinn. E puer Manifestatiounen a Projete stinn awer nach um Programm.

E Favorit vun der CDMH Ekipp ass d’Expo „Dat huet jo näischt mat mir ze dinn“. Ze bewonneren ass dës Ausstellung am Centre d’Art „Nei Liicht“ zu Diddeleng. Déi Lëtzebuerger Kënschtlerin Chantal Maquet thematiséiert den Kolonialismus. Hier europäesch Grousselteren hunn eng Zäit am Kongo gelieft an de Papp ass an enger belscher Kolonie gebuer ginn. Vill privat Fotoen an Amateurfilmer sinn Zeie vun dëser Period tëscht Alldag an Abenteuerloscht.

CMDH

Dës Biller dekonstruéiert d’Chantal Maquet fir seng eege Kreatiounen ze schafen. An engems gëtt de Bléck vun de „Wäissen“ iwwert déi „Schwaarz“ hannerfrot. Wat kann eng „wäiss“ Lëtzebuergerin zu der Debatt iwwert Rassismus bäidroen? D’Kënschtlerin thematiséiert säi Manktem u Legitimitéit a schwätzt am Numm vun deenen, déi Affer vun normalem Rassismus sinn.

Nieft der Familljegeschicht interesséiert d’Artistin sech dofir wéi Lëtzebuerg mam Kongo an dem Kolonialismus verbonnen ass.

Den Entrée ass fräi an déi sanitär Sécherheetsrecommandatioune mussen agehale ginn. Weider Informatiounen zu der Expo fannt Dir op www.galeries-dudelange.lu.

La ville les yeux ouverts

De 27. Mäerz um 10:30 Auer kann een um Migratour op de Spuere vum italienesche Sculpteur Duilio Donzelli zu Esch deelhuelen. D’Fréijoer steet nämlech virun der Dier, déi schéin Deeg kommen zeréck. An dovunner muss profitéiert ginn. Dat geet am Beschte mat der Amitiés italo-luxembourgeoises an engem flotte Spadséiergang.

CMDH

Dobäi léiere mir den italienesche Sculpteur Duilio Donzelli kennen. Hie gouf 1882 zu Fossombrone gebuer. D’Wierker vum Kënschtler dekoréieren divers Escher Fassaden. Den architektonesche an historesche Guide vun Esch erënnert esou un d’Bedeitung vu senger Aarbecht.

Treffpunkt ass bei der Haaptpaart vum Kierfecht Saint-Joseph (ue du Fossé). D’Féierung gëtt vun der Madamm Antoinette Reuter, Co-Auteurin vum Escher Guide, geleet. Duerch déi sanitär Sécherheetsrecommandatioune sinn d’Plazen op 10 Leit limitéiert. De Mondschutz ass obligatoresch an och déi néideg Distanz muss agehale ginn. Ënnert folgender Email kënnt dir iech aschreiwen: vcolling@pt.lu.

Moving Lusitalia – Opruff fir am Kader vun engem Projet fir Esch 2022 matzemaachen

Esch ass d’Kulturhaaptstad 2022. Dofir gëtt elo eng Expo envisagéiert, déi net nëmmen gekuckt, mee och erlieft ka ginn. Eng Entdeckung, déi all Sënner wakereg soll këddelen.

D’Thema ass den italienesche Quartier zu Diddeleng. Et geet ëm Erfarungen duerch d’Zäit. Dofir ginn Temoignagen identifizéiert, opgeholl an iwwerdroen sou wéi Erënnerungen a Géigestänn vun all deenen, déi do gelieft hunn.

CMDH
Foto: Raphaël Rialland

Wann Dir eng Liewenserfarung hutt, déi mam „Quartier Italien“ verbonnen ass, dann erzielt Är Geschicht. Wärend den Interviewe gëtt iwwert är Erfarungen a Gefiller als Migrant geschwat. All dëst fléisst an d’Ausstellung eran.

D’Gespréicher sinn an de Büroe vun CDMH zu Diddeleng an op Portugisesch, Franséisch an Englesch méiglech. Och Videokonferenzen oder all aner ausgemaachen Adress ass méiglech.

All weider Informatioun fannt Dir hei op www.cdmh.lu.

Related topics Ausstellung, Chantal Maquet, CMDH, Dat huet jo näischt mat mir ze dinn, Duilio Donzelli, Esch2022, Expo, Kolonialiséierung, La ville les yeux ouverts, Lëtzebuerger Dokumentatiounszentrum vun der Migratioun, Moving Lusitalia, Nei Liicht, Rassismus
Next post Previous post